FAQ

Partenariater & Kollectioun

Wat ass eng Partnerschaft mam Projet Luxembourg – Let’s Make It Happen?

Et ass eng Zesummenaarbecht tëschent der Initiativ an engem Projetsträger (Privatpersoun, Veräin, Federatioun oder Entreprise).

D’Partnerschaft kann a follgender Form realiséiert ginn:

  • finanziell Ënnerstëtzung fir Kommunikatiounskäschten
  • Material fir d’international Visibilitéit vum Projet a vu Lëtzebuerg ze stäerke kann zu Verfügung gestallt ginn.

All Partnerschaften hunn dës Ziler:

  • D’Wäerter a Visagë vu Lëtzebuerg bekannt maachen,
  • D’nationaalt Knowhow ervirhiewen,
  • An d’Mark Luxembourg – Let’s Make It Happen international lieweg maachen.

Zousätzlech mussen d’Partnerschaften am Aklang mat den dräi nationale Prioritéite stoen: Kreativitéit, Diversitéit a Nohaltegkeet.