ATTRAKTIOUN VUN TALENTER
ATTRAKTIOUN VUN TALENTER
Sabino Parente
- Laut dem IMD World Talent Ranking ass Lëtzebuerg op der 2. Plaz vun de Länner, déi Talenter entwéckelen, unzéien a behalen, déi d’Entreprisen brauchen, fir sech ze entwéckelen a kompetitiv ze bleiwen
- Laut U.S. News & World Report gehéiert Lëtzebuerg zu „de beschte Länner vun der Welt“. Fir dëst Classement opzestellen, hunn d’Fuerscher 100 Länner an 8 Kategorien evaluéiert, dorënner Gouvernance, Kultur an Tourismus, Wuelbefannen, wirtschaftlech Entwécklung, Gesondheet, Infrastruktur, Chancen an d’natierlecht Ëmfeld. Lëtzebuerg läit op der 9. Plaz am Gesamtclassement, op der 3. Plaz fir Infrastruktur, op der 6. Plaz fir Chancen, op der 7. Plaz fir Gouvernance, op der 9. Plaz fir Solo-Reesen an op der 9. Plaz ënnert de beschte Länner fir eng Entreprise ze grënnen
- Laut William Russell läit Lëtzebuerg op der 2. Plaz vun de frëndlechsten an oppenste Länner fir Expats. An dëser Etüd, déi op sechs Facteure baséiert — d’Erfarung vun Expats, d’Gréisst vun der Migrantebevëlkerung, d’Beschäftegungsquote vu Persounen déi am Ausland gebuer sinn, d’Astellung vun der Bevëlkerung vis-à-vis vun Immigranten, d’Sécherheet an d’Visa-Oppenheet — huet d’Land eng Bewäertung vun 8,69 vun 10 Punkten kritt
- Laut dem Global Nations Reputation Index vum CEOWORLD Magazine, deen d‘Reputatioun vun de Länner no verschiddene Kritären moosst, dorënner Gouvernance, Ethik, Innovatioun, Nohaltegkeet, sozial Zesummenhalt souwéi internationalt Vertrauen an Unerkennung, läit Lëtzebuerg op der 8. Plaz vun 197 Länner mat engem Score vun 93,34
- Laut dem 2025 Work-Life Balance Index vun TradingPlatforms.co.uk läit Lëtzebuerg op der 2. Plaz weltwäit a Saachen Gläichgewiicht tëscht Aarbecht a Privatliewen . Den Index bewäert 30 entwéckelt Ekonomien op Basis vu wichtege Critèrë, déi d’Liewensqualitéit definéieren, dorënner bezuelte Congé, Aarbechtszäiten, disponibelt Akommes an dat allgemengt Wuelbefannen
- Laut dem Immigration Index vun Remitly, deen 82 Länner no 34 Critèrë vergläicht – dorënner d’Liewenskäschten, d’Sécherheet, d’Salairen, d’Educatioun, d’Gesondheetsversuergung an d’Qualitéit vun den Infrastrukturen – läit Luxembourg op der 3. Plaz vun de beschte Länner fir hin ze plënneren
- Dem Global Talent Competitiveness Index (INSEAD) no ass Lëtzebuerg op der 8. Plaz vu 135 Länner wat “talent competitiveness” ugeet. D’Land gewënnt domat 3 Plazen am Verglach zum Joer virdrun a läit däitlech viru senge Nopeschlänner (Belsch 15., Däitschland 17. a Frankräich 19.) a souguer virun den USA (9.). Am Pilier „Talenter unzéien“ hëlt d’Land esouguer déi 1. Plaz weltwäit an mat engem Score vu 100 op 100
- Laut Eurostat ass d’Unzuel vun den ICT-Spezialisten (Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien) ënnert de Salariéeën déi lescht Joren eropgaangen
- Laut dem Expat City Ranking vun InterNations ass Lëtzebuerg op der 20. Plaz vun de beschte Stied fir Expats. Dës Etude weist, datt d’Land gutt Leeschtungen a Saache Sécherheet, Gehalt a Beschäftegung, Karriärperspektiven, Gesondheetsversuergung souwéi Reesen an Transport huet. Dofir ass d’Land laut dëser Etude eng ideal Plaatz fir Karriär ze maachen, mat aussergewéinleche Mesuren a Saache Sécherheet, Gesondheetsversuergung an Transport
- Laut der Deutsche Bank läit Lëtzebuerg op der 4. Plaz wat d’Netto-Payen ugeet, zesumme mat Genf, Zürich, San Francisco a Boston
- Laut dem World Population Review ass Lëtzebuerg op der 4. Plaz vun de Länner mat dem héchste Mindestloun an op der 1. Platz an der EU
- Enger Etüd vun Eurostat no gehéiert d’Lëtzebuerger Populatioun mat engem Moyennesalter vun 39,7 zu de jéngste vun der EU. D’Land huet och den niddregste Prozentsaz vun Awunner iwwer 65 Joer an der ganzer EU (15%, verglach mat enger EU-Moyenne vun 21,6%)
- Enger Etüd vun Eurostat no ass Lëtzebuerg bei wäitem dat generéisst Land, wann et ëm Sozialhëllef fir Famillen geet
- Laut EURES, dem europäesche Portal iwwer berufflech Mobilitéit, gehéiert Lëtzebuerg mat 37 Deeg (26 Deeg bezuelte Congé plus 11 Feierdeeg) zu de Länner mat dem meeschte bezueltem Congé
- Laut dem OECD-Bericht „Education at a Glance“ huet Lëtzebuerg mam 39% deen héchste Prozentsaz u Jonke mat engem Masterdiplom, wat méi wéi duebel esou vill ass wéi den OECD-Duerchschnëtt vu 16%
- Laut dem European Life-Work Balance Index vu Remote läit d’Stad Lëtzebuerg op der 11. Plaz vun 30 Stied wat den Equiliber tëscht Beruffs- a Privatliewen ugeet. Den Index bewäert ënner anerem Critèrë wéi bezuelte Congé, Gesondheetsversuergung an Zefriddenheet
- Laut dem Mercer Cost of Living Survey, deen d’Käschte vu méi wéi 200 Alldagsproduiten a Servicer (Wunnen, Iessen, Transport a Fräizäit) vergläicht, fir d’Kafkraaft ze evaluéieren, läit d’Stad Lëtzebuerg op der 47. Plaz weltwäit vun 226 Stied. Dës Positioun mécht d’Stad méi bezuelbar wéi aner grouss europäesch Finanzzentre wéi London, Zürich oder Frankfurt
- Laut dem European Startup and Scaleup Scoreboard läit Lëtzebuerg op der 6. Plaz wat d’Leeschtung fir Start-ups a Scale-ups ugeet, mat engem Plus vu 14 Punkten zënter 2020. Bei verschiddenen vun den 36 Indicateuren gehéiert d’Land zu den Top 3 an Europa. An der Dimensioun „Talenter“ läit Lëtzebuerg op der 4. Plaz.
- Hei d’Argumenter déi am Kader vun der Elaboration vun der Luxembourg Talent Attraction Promotional Strategy erauskomm sinn (Quell: Luxembourg Talent Attraction Promotional Strategy (2024, C Studios):
