LIEWENSQUALITÉIT
LIEWENSQUALITÉIT
@Sabino Parente
- Laut Statista, sou wéi der Deutsche Bank hirem Mapping the World’s Prices ass Lëtzebuerg op der 1. Plaz a Saache Liewensqualitéit. Laut dem Quality of Life Index vun Numbeo ass d’Land op 3. Plaatz
- Laut Forbes huet Lëtzebuerg e Score vun 98 op 100 an engem weltwäiten Index, deen de Wuelstand, d’Freed an d’Liewensqualitéit moosst. D’Etüd berécksiichtegt net nëmmen de PIB, mee och d’Natur, de gratis ëffentlechen Transport, déi exzellent ëffentlech Schoulen, déi universal Gesondheetsversuergung, d’Sécherheet, d’Kultur, déi propper Loft an d’Inclusivitéit
- Laut dem World Happiness Report ass Lëtzebuerg op der 9. Plaz vun de glécklechste Länner op der Welt
- Laut dem Global Liveability Index vun The Economist läit d’Stad Lëtzebuerg op der 11. Plaz vun de liewenswäerteste Stied op der Welt. Dank héijen Noten a Kategorie wéi Stabilitéit, Gesondheet, Educatioun, Kultur, Ëmwelt an Infrastruktur huet d’Stad 6 Plazen am Verglach zum viregten Joer gewonnen
- Laut dem World Expat Index vu William Russell ass Lëtzebuerg op der 16. Plaz vun de beschte Länner fir am Ausland ze liewen
- Laut dem MERCER Quality of Living Index, deen d’Liewensqualitéit fir Expatriéierten weltwäit moosst, ass Lëtzebuerg op der 17. Plaz vun 241
- Laut enger Etüd vu Luxury France Tours, déi 3 Milliounen Tripadvisor-Bewäertunge vu méi wéi 46 Haaptstied analyséiert huet, ass Lëtzebuerg déi schéinst Haaptstad an Europa
- Laut UNICEF ass Lëtzebuerg op der 9. Plaz vun de beschte Länner fir eng Famill ze grënnen
- Laut dem Global 150 Cities Index ass d’Stad Lëtzebuerg op der 3. Plaz vun 150 Stied a Saache Kombinatioun vun héije Léin, niddrege Steieren, raisonnabele Käschten an enger gudder Liewensqualitéit
- Laut EURES, dem europäesche Portal iwwer berufflech Mobilitéit, gehéiert Lëtzebuerg mat 37 Deeg (26 Deeg bezuelte Congé plus 11 Feierdeeg) zu de Länner mat dem meeschte bezueltenem Congé
- Laut dem Global Retirement Index vu Natixis ass Lëtzebuerg déi bescht Plaatz fir an d’Pensioun ze goen, dank exzellentem Zougang zur Gesondheetsversuergung, der Sécherheet an enger vun de längsten Liewenserwaardungen an Europa
- Laut dem OECD Health at a Glance huet Lëtzebuerg ee vun de beschte Gesondheetsystemer op der Welt (Plaatz 2), mat enger Liewenserwaardung vu 83,4 Joer (7. Plaz), engem vun den déifsten Taux de mortalité an der OECD a, virun allem, engem Zefriddenheetsgrad vu 86 % wat den Zougang zu enger qualitativer Gesondheetsversuergung ugeet (2. Plaatz weltwäit)
- Laut dem Euro Health Consumer Index (EHCI) läit Lëtzebuerg op der 7. Plaz dank staarker Leeschtungen am Beräich Zougang zur Gesondheetsversuergung a sanitär Resultater
- Laut dem Safety Index vu Global Residence ass Lëtzebuerg dat 15. sécherst Land op der Welt, mat niddrege Kriminalitéitsraten an enger héijer politescher Stabilitéit