OFFENHEET

OFFENHEET
©Alfonso Salgueiro
  • Laut Eurostat ass Lëtzebuerg dat internationaalst Land an Europa a laut U.S. News ass Lëtzebuerg dat 5. internationaalst Land op der Welt
  • Laut der Eurobarometer Ëmfro ass Lëtzebuerg dat Land, wou d’Leit sech am meeschten europäesch fillen (92 % vun den Awunner fillen sech als Bierger vun der Europäescher Unioun (am Verglach zu engem EU-Duerchschnëtt vu 75 %), 91 % mengen, datt hiert Land vun der Memberschaft an der EU profitéiert huet (am Verglach zu 72 %) an 91 % ënnerstëtzen den Euro (am Verglach zu 74 %)
  • Laut dem World University Ranking vun Times Higher Education läit d’Universitéit Lëtzebuerg op der 25. Plaz am Young University Rankings a gehéiert zu deene internationaalsten Unien mat 52 % Studenten aus dem Ausland an iwwer 120 vertruedene Länner
  • Laut Henley Global ass de Lëtzebuerger Pass ee vun de stäerkste Päss op der Welt, a klasséiert sech op der 4. Plaz vun 199
  • Laut dem Global Connectedness Index ass Lëtzebuerg op der 4. Plaz, wat d’Integratioun an d’Weltwirtschaft ugeet
  • Laut Statista ass Lëtzebuerg eng vun de globaliséiersten Ekonomien op der Welt
  • Laut dem World Press Freedom Index ass Lëtzebuerg op der 9. Plaz vun 180 am weltwäite Ranking vun der Pressefräiheet
  • Laut dem ICC – Open Market Index ass Lëtzebuerg dat 3.-oppenst Land fir internationalen Handel