WIRTSCHAFT A FINANZEN

WIRTSCHAFT A FINANZEN

WIRTSCHAFT A FINANZEN
  • Laut dem Groupe de la Banque mondiale an dem IMF ass Lëtzebuerg Nummer 1 a Saache PIB pro Kapp weltwäit (2026)
  • Laut Eurostat hunn d’Awunner vu Lëtzebuerg déi héchst Kafkraaft an der EU, méi wéi 45 % iwwer dem EU-Duerchschnëtt (2025)
  • Laut Eurostat ass den duerchschnëttleche Salaire zu Lëtzebuerg deen héchsten an der EU (2024)
  • Laut Numbeo ass den duerchschnëttleche monatleche Nettoloun (no Steieren) zu Lëtzebuerg den 2.-héchsten op der Welt (2026)
  • Laut dem IMD World Competitiveness Yearbook läit Lëtzebuerg op der 14. Plaz vun de kompetitiivste Länner weltwäit, an huet 6 Plaatze gewonn par rApport zum Joer virdrun (2026)
  • Laut dem FM Resilience Index 2026 vun FM Global läit Lëtzebuerg weltwäit op der 2. Plaz vun 130 am Index fir wirtschaftlech Resilienz an dat fir dat drëtt Joer hannereneen. Laut FM Global ënnersträichen d’Resultater déi staark Gouvernance vu Lëtzebuerg, seng wirtschaftlech Stabilitéit an de weideren Fokus op laangfristegt Risikomanagement
  • Laut dem HelloSafe Prosperity Index 2026 ass Lëtzebuerg dat 12.-räichst Land op der Welt (vun 156)
  • Laut dem Legatum Prosperity Index 2026 ass d’Land op der 11. Plaatz a Saache Prosperitéit an op 3. Plaatz a Saachen Liwensstandard
  • Laut dem UNCTAD Trade Openness Index 2025 vun der Konferenz vun de Vereenten Natioune fir Handel an Entwécklung (UNCTAD) ass Lëtzebuerg déi 2.-oppenst Ekonomie fir den internationale Commerce weltwäit, mat engem Handels-Oppenheets-Taux vun 362 %. Dëse Wäert entsprécht dem kombinéierte Wäert vun den Exporter an Importer vu Wueren a Servicer am Verhältnis zum PIB
  • Laut Donnéeë vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) (2025) an dem Internationale Wärungsfong (IMF) (2026) läit Lëtzebuerg weltwäit op der 8. Plaz wat den Handelsiwwerschoss ugeet, mat engem Iwwerschoss, deen 21,7 % vum PIB entsprécht. D’Resultat vu Lëtzebuerg spigelt eng Ekonomie erëm, déi staark op international Verbindungen opgebaut ass, dorënner d’Finanzplaz, grenziwwerschreidend Geschäftsaktivitéiten a spezialiséiert Déngschtleeschtungen
  • Laut dem “Best Countries for Business” Index vu FORBES (2019) ass Lëtzebuerg op der 23. Plaz vun 161 Länner, déi am meeschte geschäftsfrëndlech sinn
  • Laut dem Innovators Business Environment Index (IBEI) (2026) läit Lëtzebuerg op der 13. Plaz vun de wichtegsten Business-Destinatioune weltwäit
  • Laut dem Global Tax Competitiveness Index vun der Tax Foundation (2025) ass d’Land op der 6. Plaz a Saachen international Steierkompetitivitéit
  • Laut dem Global Soft Power Index vu Brand Finance (2026), eng Etude déi d’Influenzkraaft vun de Länner moosst an hir Konsequenze fir d’Decideuren an d’Marken, ass Lëtzebuerg op der 30. Plaz vun 193
  • Den European Cities and Regions of the Future vu fDi Intelligence (2025), deen d’Attraktivitéit vun europäesche Stied a Regioune fir auslännesch Investisseure moosst, klasséiert d’Lëtzebuerg-Stad op der 1. Plaz an der Kategorie “kleng Stied”
  • Laut dem New Financial International Financial Centres Index (2026) ass Lëtzebuerg dee 6. wichtegsten international Finanzzentrum op der Welt an deen 3. an Europa. D’Etüd ënnersträicht, datt de Grand-Duché den Nummer 1 Empfänger vu friemen Direktinvestitiounen am Beräich vun de Finanzservicer ass, den 2-gréisste weltwäite Standuert fir Investitiounsfongen an den 3.-gréissten Exporteur vu Finanzservicer
  • Laut dem Global Financial Centres Index 39 (2026) ass Lëtzebuerg den 2.-stäerkste Finanzzentrum an der EU (direkt hannert Frankfurt mat nëmmen engem Punkt Ënnerscheed) a läit weltwäit op der 16. Plaz vun de Finanzzentren.
  • Laut Eurostat (2026) huet Lëtzebuerg den 4.-niddregsten Niveau vun der ëffentlecher Schold an der Europäescher Unioun, mat 29,2% vum PIB, direkt hannert Estland, Dänemark a Bulgarien
  • Laut Eurostat (2025) läit Lëtzebuerg op der 3. Plaz vun de Länner mat dem héchsten Undeel u Persounen an héichqualifizéierter Beschäftegung (71,7%)
  • Laut Eurostat (2025) ass Lëtzebuerg ee vun de meescht gebilte Länner op der Welt a läit op der 2. Plaz vun den 32 analyséierte Länner. Tatsächlech hunn ënnert den Awunner am Alter vu 25 bis 34 Joer 65,2 % en Héichschoul-Diplom
  • Laut Standard & Poor’s a Fitch gehéiert Lëtzebuerg zu de wéinege Länner op der Welt, déi eng perfekt AAA-Notatioun  mat stabillem Ausbléck hunn. D’Ratingsagencen féieren dës Spëtztebewäertung op déi staark institutionell Kapazitéit vum Land zeréck, säin héich kompetitive Finanzsecteur, den niddrege Staatsverscholdung an seng bemierkenswäert wirtschaftlech Widderstandsfäegkeet
  • Laut dem Index of Economic Freedom (2026) vun der Heritage Foundation läit Lëtzebuerg op der 6. Plaz vun 176 Länner weltwäit wat wirtschaftlech Fräiheet ugeet (mat engem Score vun 79,7). D’Land gëtt als „mostly free“ agestuuft a schneit besonnesch gutt of wat oppe Mäert, Investitiounsfräiheet an de Schutz vu Proprietéitsrechter ugeet