Yale Environmental Performance Index

Yale Environmental Performance Index

Yale Environmental Performance Index
©Visit Éislek

Fuerscher vun den amerikaneschen Universitéiten Yale a Columbia hunn de Grand-Duché wat Ëmweltleeschtungen ugeet als zweetgréngst Land vun der Welt klasséiert.

Komparativ Analyse vun Ëmweltpolitiken a Reglementer

Den Environmental Performance Index (EPI) 2020 ass e gemeinsamt Fuerschungsprojekt vu Yale a Columbia fir de Weltwirtschaftsforum. E bitt en datebaséierte Resumé vum Zoustand vun der Nohaltegkeet an der Welt. Mat 32 Leeschtungsindicateuren an 11 Kategorien, klasséiert den EPI 180 Länner a Funktioun Ëmweltgesondheet an Ökosystemvitalitéit. Dës Indicateuren liwweren eng national Moossnam fir wéi no d’Länner zu etabléierten Ëmweltpolitik Ziler sinn.

Och wann d’Projekt sech net direkt op de COVID-19 fokusséiert, ënnersicht en indirekt Gesondheetsprobleemer vun dëser Pandemie, esou wéi de Konsum vun ongesonde Liewensmëttel, de Mangel u kierperlecher Aktivitéit, d’Loftverschmotzung a de Stress.

D’Fuerscher hunn d’Loft- a Waasserqualitéit, d’CO2-Emissiounen, d’Offallbehandlung, d’Schwéiermetaller an aner ëffentlech Gesondheetsfacteuren analyséiert.


Lëtzebuerger Performancen

Lëtzebuerg läit mat 82,3 vun 100 Plazen hannert Dänemark mat 82,5. Déi zweet Plaz beweist och de Fortschrëtt vu Lëtzebuerg vun 11,6 Punkten an de leschten 10 Joer.

D’Performancë vum Land gesäit een an e puer vun den Indicateuren, nämlech: d’Vitalitéit vun den Ökosystemer (zweet Plaz), d’Verschmotzung duerch Schwéiermetaller (siwent Plaz) an d’Waasserressourcen (néngt Plaz).

Lëtzebuerg muss sech awer bei verschiddenen aneren Ëmweltprobleemer ustrengen, wéi d’Noutwendegkeet fir d’Treibhausgasemissioune pro Awunner ze reduzéieren (164. Plaz) an d’Reduktioun vum Bambestand (90. Plaz).

Research Luxembourg

Quell:

Yale : Environmental Performance Index