Finland

2021

Iwwerbléck

  • 66 % vun de Befrote ginn un, datt si Lëtzebuerg kennen; dovun huele 37 % un, datt hiert Wëssen iwwer Lëtzebuerg mëttel bis gutt ass
  • Vun deene Persounen, déi d’Land kennen, hunn 28 % Lëtzebuerg scho besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (75 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (23 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder Familljemember, 11 %)

Spontan Associatiounen

Déi wichtegst spontan Associatiounen, déi vun de Befrote genannt goufen, sinn:

  • Klengt Land
  • Europa
  • Deiert Land

Um Niveau vum Image

  • Funktionell Dimensioun: D’Land gëtt fir säin investitiounsfrëndlecht Ëmfeld an d’gënschteg Konditioune fir Start-ups an Entreprisë geschat
  • Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als tolerant, oppent a multikulturellt Land ugesinn
  • Kulturell Dimensioun: D’Land gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht a sengen Traditioune geschat
  • Natierlech Dimensioun: D’Land gëtt als Land mat schéine Landschaften ugesinn
  • Emotional Dimensioun: 56 % vun de Befrote fannen, datt Lëtzebuerg e faszinéierend Land ass

Verhalensfacteuren

  • 72 % vun de Befrote géifen eng Kéier gären op Lëtzebuerg reesen
  • 24 % géifen hei gäre liewen a schaffen
  • 47 % géifen och gäre lëtzebuergesch Produkter oder Servicer kafen
  • 50 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg auszedrécken

Implikatiounen

  • Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze erhéijen a säin Image ze verbesseren
  • Besonnesch d’Dimensioune „Kultur“ (Geschicht, Traditiounen) an „Normen an Ethik“ (Aussepolitik, ethesch Verhale vun Entreprisen) sollte gestäerkt ginn, well béid schlecht bewäert ginn, awer wichteg Facteure fir d’Image vu Lëtzebuerg sinn