Israel
Israel
2021
Iwwerbléck
- 65 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen, dovunner schätze 44 %, datt si eng mëttel oder gutt Kenntnis vum Land hunn
- Vun deene Persounen, déi Lëtzebuerg kennen, hunn 23 % d’Land schonn eng Kéier besicht, virun allem aus touristesche Grënn (83 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (17 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder engem Familljemember, 17 %)
Spontan Associatiounen
Déi wichtegst spontan Associatiounen, déi vun de befrote Persoune genannt goufen, sinn:
- Klengt Land
- Europa
- Schéi Landschaften
Um Niveau vum Image
- Funktionell Dimensioun: D’Land gëtt fir seng Attraktivitéit als Aarbechtsplaz an och fir seng Ausbildungsméiglechkeeten unerkannt
- Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als en tolerant an oppent Land ugesinn, dat sech fir seng Bierger asetzt
- Kulturell Dimensioun: D’Land gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht a seng eenzegaarteg kulturell Atouten unerkannt
- Natierlech Dimensioun: D’Land gëtt als eng Destinatioun mat schéine Landschaften an enger erhalener Natur ugesinn
Verhalensfacteuren
- 75 % vun de Befrote géifen iergendwann gären op Lëtzebuerg reesen
- 27 % géifen hei gären hei liewen a schaffen
- 40 % géife gär lëtzebuergesch Produkter oder Déngschter kafen
- 50 % soen, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg ze äusseren
Implikatiounen
- Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze erhéijen
- Besonnesch soll de Fokus op d’Dimensioun «Normen an Ethik» geluecht ginn. Gläichzäiteg soll déi kulturell Dimensioun verstäerkt ginn, déi e wichtege Faktor fir eng positiv Ausso iwwer Lëtzebuerg duerstellt