Japan
Japan
2021
Iwwerbléck
- 52 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen, 38 % dovu schätzen hire Kenntnisstand als mëttel bis héich an
- Vun deene Persounen, déi d’Land kennen, hunn 12 % Lëtzebuerg scho besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (83 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (23 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder engem Familljemember, 18 %)
Spontan Associatiounen
Déi wichtegst spontan Associatioune vun de Befrote sinn:
- Klengt Land
- Räich Geschicht, Schlässer, Mëttelalter
- Europa
Um Niveau vum Image
- Funktionell Dimensioun: D’Attraktivitéit vum Land als Aarbechtsplaz gëtt besonnesch ervirgehuewen. Laut de Befroten zeechent sech Lëtzebuerg duerch héich Akommes an eng héich Liewensqualitéit aus
- Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt fir seng Toleranz, Solidaritéit a Verantwortung géintiwwer den zukünftege Generatioune geschat
- Kulturell Dimensioun: D’Land gëtt mat mëttelalterleche Schlässer an der groussherzoglecher Famill verbonnen
- Natierlech Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e Land mat schéine Landschaften ugesinn
- Emotional Dimensioun: 56 % fannen, datt Lëtzebuerg e faszinant Land ass
Verhalensfacteure
- 17 % vun de Befrote géifen eng Kéier gären op Lëtzebuerg reesen
- 38 % géife gären zu Lëtzebuerg liewen a schaffen
- 14 % géife gären zu Lëtzebuerg hiergestallte Produkter oder Servicer kafen
- 12 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg ze äusseren
Implikatiounen
- Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze erhéijen, andeems een dovu profitéiert, datt d’Groussherzogtum als attraktiivt Land ugesi gëtt (Oppenheet vun der Zilgrupp)
- Besonnesch déi funktionell Dimensioun soll gestäerkt ginn (lëtzebuergesch Produkter a Weiderbildungsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg). Si ass déi am niddregste bewäert Dimensioun, stellt awer e wichtege Facteur fir eng positiv Ausso iwwer d’Land duer
- Zousätzlech soll d’Dimensioun „Normen an Ethik“ (Toleranz, Solidaritéit an Ëmweltschutz) gefërdert ginn, fir d’gesamt Bild vum Land ze verbesseren