Kanada
Kanada
2021
Iwwerbléck
- 24 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen; dovunner schätzen 42 % hiert Wëssen als mëttel bis héich an
- Ënnert deene Persounen, déi Lëtzebuerg kennen, hunn 23 % d’Land schonn eng Kéier besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (87 %), gefollegt vu private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder Familljemember, 9 %) a beruffleche Grënn (7 %)
Spontan Associatiounen
Déi wichtegst spontan Associatioune vun de Befrote sinn:
- Klengt Land
- Räich Geschicht, Schlässer
- Europa
Um Niveau vum Image
- Funktionell Dimensioun: D’Befrote bewäerten d’Kompetenz vun der Regierung an d’Attraktivitéit vum Land als Aarbechtsplaz ganz positiv
- Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als en oppent, gaaschtfrëndlecht an tolerant Land ugesinn, dat sech fir seng Bierger asetzt
- Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg ass fir de Räichtum vu senger Geschicht a sengen Traditioune bekannt
- Natierlech Dimensioun: D’Land gëtt als Plaz mat schéine Landschaften ugesinn
- Emotional Dimensioun: D’Majoritéit vun de Kanadier empfënnt Lëtzebuerg als e sympathescht Land
Verhalensfacteuren
- 76 % vun de Befrote géifen iergendwann emol gären op Lëtzebuerg reesen
- 29 % géifen do gäre liewen a schaffen
- 55 % géife gäre lëtzebuergesch Produiten oder Déngschtleeschtunge kafen
- 54 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg auszedrécken
Implikatiounen
- Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze stäerken
- Besonnesch d’Dimensioun „Normen an Ethik“ soll gefërdert ginn
- Ausserdeem soll d’Kommunikatioun op déi eegestänneg Identitéit vu Lëtzebuerg an op d’Lëtzebuerg „vun haut“ ausgeriicht ginn
KUCKT OCH : Monitoring Kanada 2025