Schweden

2021

Iwwerbléck

  • 77 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen, dovu mengen 38 % mengen, si hätten eng mëttel bis gutt Kenntnis vum Land
  • Vun deene Persounen, déi d’Land kennen, hunn 29 % Lëtzebuerg schonn eng Kéier besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (73 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (20 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder Familljemember: 8 %)

Spontan Associatiounen

Déi wichtegst spontan Associatiounen, déi vun de Befrote genannt goufen, si:

  • Klengt Land
  • Europa
  • Radio Luxembourg

Um Niveau vum Image

  • Funktionell Dimensioun: D’Land gëtt fir säin investitiouns-, startup- a wirtschaftsfrëndlecht Ëmfeld geschätzt
  • Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als en tolerant an oppent Land ugesinn
  • Kulturell Dimensioun: D’Land gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht a sengen Traditioune geschätzt
  • Natierlech Dimensioun: D’Land gëtt als e Land mat schéine Landschaften ugesinn
  • Emotional Dimensioun: 44 % vun de Befrote betruechte Lëtzebuerg als e faszinant Land

Verhalensfacteuren

  • 66 % vun de Befrote géifen enges Daags gär op Lëtzebuerg reesen
  • 23 % géife gär hei liewen a schaffen
  • 41 % géife gär lëtzebuergesch Produiten oder Déngschtleeschtunge kafen.
  • 40 % ginn un, datt si d’Absicht hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg auszedrécken.

Implikatiounen

  • D’Bild vu Lëtzebuerg ka weider verbessert ginn.
  • Besonnesch d’Dimensioun « Kultur » (Traditiounen, Geschicht, kulturell Zeen) soll gestäerkt ginn. Si kritt déi niddregst Bewäertung, stellt awer e wichtege Levier fir den Image duer
  • Och d’Dimensiounen « Natur » an « Normen an Ethik » solle weider gestäerkt ginn