Singapur

2021

Iwwerbléck

  • 51 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen, dovu schätzen 53 % hir Kenntnisser iwwer d’Land als mëttelméisseg oder héich an
  • Vun deene Persounen, déi d’Land kennen, hunn 32 % et schonn eng Kéier besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (75 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (28 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder engem Familljemember, 18 %)

Spontan Associatiounen

Déi wichtegst spontan Associatiounen, déi vun de Befrote genannt goufen, sinn:

  • Klengt Land
  • Europa
  • Wäin

Um Niveau vum Image

  • Funktionell Dimensioun: D’Land gëtt fir säin investitiounsfrëndlecht Ëmfeld an d’Qualitéit vu senger Gouvernance unerkannt
  • Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als tolerant an oppent Land ugesinn, dat sech fir seng Bierger asetzt
  • Kulturell Dimensioun: D’Land gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht, awer och fir seng Gastronomie a seng bedeitend Perséinlechkeeten unerkannt
  • Natierlech Dimensioun: D’Land gëtt als eng Plaz mat schéine Landschaften ugesinn
  • Emotional Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e Land mat sympatheschen Awunner ugesinn

Verhalensfacteuren

  • 80 % vun de Befrote géife gären eng Kéier Lëtzebuerg besichen
  • 56 % géife gären do wunnen a schaffen
  • 62 % géife gäre lëtzebuergesch Produkter oder Déngschtleeschtunge kafen
  • 62 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg auszedrécken

Implikatiounen

  • Et ass wichteg, de Bekanntheetsgrad vu Lëtzebuerg ze erhéijen
  • Besonnesch déi kulturell an déi funktionell Dimensioune solle gestäerkt ginn, fir dat positiivt Bild vu Lëtzebuerg weider auszebauen

Kuckt och