Südkorea
Südkorea
2022
Iwwerbléck
- 88 % vun de Befrote ginn un, datt si Lëtzebuerg kennen, dovun 79 %, datt si hir Kenntnisser als mëttel bis gutt aschätzen
- Ënnert de Persounen, déi d’Land kennen, hunn 19 % Lëtzebuerg schonn eng Kéier besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (77 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (42 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder engem Familljemember, 22 %)
Spontan Associatiounen
Déi wichtegst spontan Associatiounen, déi vun de Befrote genannt goufen, sinn:
- D’Lidd „Luxemburg“ vun enger südkoreanescher Grupp (22 %)
- Europa (16 %)
- Benelux (15 %)
Um Niveau vum Image
Am Allgemengen ass d’Bewäertung vu Lëtzebuerg duerch d’Südkoreaner manner positiv wéi déi, déi an anere Länner festgestallt gouf.
- Funktionell Dimensioun: D’Befrote bewäerten d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Aarbechtsplaz an d’Kompetenz vun der Regierung am positiivsten
- Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e Land ugesinn, dat sech fir nohalteg Entwécklung an den Erhalt vum Fridden asetzt
- Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht a sengen Traditioune geschätzt
- Natierlech Dimensioun: D’Land gëtt als e Land mat enger intakter Natur ugesinn
- Emotional Dimensioun: 63 % vun de Südkoreaner sinn der Meenung, datt Lëtzebuerg e faszinant Land ass
Verhalensfacteuren
- 62 % vun de Befrote géife gär eng Kéier op Lëtzebuerg reesen
- 42 % géife gär zu Lëtzebuerg liewen a schaffen
- 38 % géife gär lëtzebuergesch Produkter oder Déngschtleeschtunge kafen
- 51 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg ze äusseren
Implikatiounen
- Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze erhéijen an e méi déifgräifend Wëssen iwwer d’Land ze vermëttelen
- Besonnesch soll den Image vu Lëtzebuerg verbessert ginn, andeems de Fokus op déi natierlech Dimensioun (Landschaften, Waasserflächen) geluecht gëtt. Dës Dimensioun kritt déi bescht Bewäertung a stellt de wichtegste Facteur fir den Image duer