Brasilien
Brasilien
2022
Iwwerbléck
- 61 % vun de Befrote ginn un, datt si Lëtzebuerg kennen, dovu 86 %, datt si hir Kenntnisser iwwer d’Land als mëttel bis héich aschätzen
- Vun de Persounen, déi d’Land kennen, hunn 32 % Lëtzebuerg schonn eng Kéier besicht, virun allem aus touristesche Grënn (80 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (26 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder engem Familljemember, 20 %)
Spontan Associatiounen
Déi spontan Associatioune vun de Brasilianer sinn déi follgend:
- Europäescht Land (17 %) ;
- Klengt Land / schéint Land (16 %) ;
- Räicht Land (13 %).
Um Niveau vum Image
- Funktionell Dimensioun: D’Brasilianer bewäerten d’Kompetitivitéit vum Land, seng Ausbildungsméiglechkeeten, seng Attraktivitéit als Aarbechtsplaz souwéi d’Qualitéit vu senge Produkter an Déngschter ganz positiv
- Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e solidarescht a verantwortungsbewosst Land ugesinn, dat sech fir nohalteg Entwécklung an déi zukünfteg Generatiounen asetzt
- Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht a sengen Traditiounen unerkannt
- Natierlech Dimensioun: Eng grouss Majoritéit vun de Befroten ass der Meenung, datt Lëtzebuerg schéi Landschaften ze bidden huet
- Emotional Dimensioun: 74 % vun de Brasilianer beschreiwe Lëtzebuerg als e faszinéierend Land
Verhalensfacteuren
- 81 % vun de Befrote géife gär enges Daags op Lëtzebuerg reesen
- 70 % géife gär do liewen a schaffen
- 72 % géife gär lëtzebuergesch Produkter oder Déngschter kafen
- 71 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg auszedrécken
Implikatiounen
- Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze erhéijen.
- Besonnesch d’Dimensioun „Normen an Ethik“ (Solidaritéit, Multikulturalitéit, Aussepolitik) soll weider gestäerkt ginn. Dës Dimensioun kritt ganz gutt Bewäertungen a stellt e wichtege Facteur fir den Image vu Lëtzebuerg duer. Si ze stäerke wäert also dozou bäidroen, dat positiivt Image vum Land weider ze stäerken.