Dänemark
Dänemark
2022
Iwwerbléck
- 76 % vun de Befrote ginn un, datt si Lëtzebuerg kennen, dovunner schätzen 69 % hiert Wëssen iwwer d’Land als mëttel bis héich an
- Vun de Persounen, déi Lëtzebuerg kennen, hunn 42 % d’Land schonn eng Kéier besicht (15 % méi wéi eng Kéier), haaptsächlech aus touristesche Grënn (74 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (16 %) a private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder Familljemember, 13 %)
Spontan Associatiounen
Déi wichtegst spontan Associatiounen, déi vun de Befrote genannt goufen, sinn déi folgend:
- Klengt Land (36 %)
- Steierparadäis (17 %)
- Héije Liewensstandard (11 %)
Um Niveau vum Image
D’Bewäertung vu Lëtzebuerg duerch d’Dänen ass liicht méi niddereg wéi déi, déi an anere Länner festgestallt gouf.
- Funktional Dimensioun: D’Befrote bewäerten d’Oppenheet vis-à-vis vun Investisseuren an d’Kompetitivitéit vun der Ekonomie am positiivsten
- Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als en oppent, gaaschtfrëndlecht a multikulturellt Land ugesinn
- Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht unerkannt
- Natierlech Dimensioun: D’Land gëtt als e Land mat schéine Landschaften ugesinn
- Emotional Dimensioun: 51 % vun den Dänen empfanne Lëtzebuerg als e sympathescht Land
Verhalensfacteuren
- 64 % vun de Befrote géifen eng Kéier gären op Lëtzebuerg reesen
- 21 % géifen hei gäre liewen a schaffen
- 39 % géife gäre lëtzebuergesch Produkter oder Déngschtleeschtunge kafen
- 44 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg ze äusseren
Implikatiounen
- Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze erhéijen a säin Image ze verbesseren.
- Besonnesch d’Dimensioun „Normen an Ethik“ (Aussepolitik, Solidaritéit, Toleranz), déi e wichtege Facteur fir den Image vum Land ass, soll gestäerkt ginn
- Zousätzlech soll d’Perceptioun vun der kultureller Dimensioun (lëtzebuergesch Traditiounen an d’Kreativitéit vun der kultureller Zeen) verbessert ginn