Irland

2022

Iwwerbléck

  • 65 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen, dovu schätze 75 % hire Kenntnisstand als mëttel bis gutt an
  • Ënnert de Persounen, déi Lëtzebuerg kennen, hu 35 % d’Land schonn eng Kéier besicht, virun allem aus touristesche Grënn (66 %), gefollegt vu private Grënn (Besuch bei engem Frënd oder Familljemember, 28 %) a beruffleche Grënn (20 %)

Spontan Associatiounen

Déi wichtegst spontan Associatioune vun de Befrote sinn:

  • Klengt Land (36 %)
  • Räicht Land (15 %)
  • Europa (13 %)

Um Niveau vum Image

  • Funktionell Dimensioun: D’Befrote bewäerten d’Attraktivitéit vum Land als Aarbechtsplaz ganz positiv a gesi Lëtzebuerg als en attraktive Standuert fir innovativ Start-ups an aner Entreprisen
  • Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als en oppent, frëndlecht a multikulturellt Land ugesinn
  • Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht unerkannt an, an engem méi klengem Ausmooss, fir d’Kreativitéit vu senger kultureller Zeen
  • Natierlech Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e Land mat schéine Landschaften ugesinn
  • Emotional Dimensioun: 63 % vun den Ire gesi Lëtzebuerg als e sympathescht Land un

Verhalensfacteuren

  • 75 % vun de Befrote géifen enges Daags gären op Lëtzebuerg reesen
  • 47 % géifen hei gäre liewen a schaffen
  • 63 % géife gäre lëtzebuergesch Produkter oder Déngschtleeschtunge kafen
  • 62 % ginn un, datt si wëlles hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg auszedrécken

Implikatiounen

  • Et ass wichteg, d’Bekanntheet vu Lëtzebuerg ze erhéijen
  • Besonnesch déi natierlech Dimensioun (schéi Landschaften, erhalenen Natur, asw.) soll verstäerkt ginn, well si de stäerksten Imagefaktor duerstellt