Schwäiz

2022

Iwwerbléck

  • 60 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen. Vun dëse schätzen 62 % hiert Wëssen iwwer d’Land als mëttel bis héich an.
  • Vun de Persounen, déi d’Land kennen, hunn 49 % Lëtzebuerg scho besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (74 %), gefollegt vu beruffleche Grënn (20 %) a private Grënn (Besuch bei Frënn oder Familljememberen, 15 %).

Spontan Associatiounen

Déi spontan Associatioune mat Lëtzebuerg bezéien sech virun allem op d’Bild vun:

  • engem klenge Land (23 %);
  • engem Groussherzogtum / enger Monarchie (14 %);
  • engem Finanzzentrum (13 %).

Um Niveau vum Image

Am Allgemenge ginn déi véier bewäert Dimensioune vun de Schwäizer Befrote positiv ageschat:

  • Funktionell Dimensioun: D’Schwäizer bewäerten d’Kompetitivitéit vum Land an dat investitiounsfrëndlecht Ëmfeld ganz positiv.
  • Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e solidarescht a verantwortungsbewosst Land ugesinn, souwéi als oppent an tolerant Land.
  • Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt fir de Räichtum vu senger Geschicht a sengen Traditiounen unerkannt.
  • Natierlech Dimensioun: Eng grouss Majoritéit vun de Befroten ass der Meenung, datt Lëtzebuerg schéi Landschaften ze bidden huet.
  • Emotional Dimensioun: 62 % vun de Schwäizer beschreiwe Lëtzebuerg als sympathescht Land.

Verhalensfacteuren

  • 68 % vun de Schwäizer Befrote géife gär eng Kéier op Lëtzebuerg reesen.
  • 30 % géife hei gäre wunnen a schaffen.
  • 52 % géife gäre lëtzebuergesch Produkter oder Déngschtleeschtunge kafen.
  • 56 % ginn un, datt si d’Absicht hunn, sech positiv iwwer Lëtzebuerg ze äusseren.

Konsequenzen

  • D’Bekanntheet vu Lëtzebuerg sollt weider gesteigert an den Image vum Land verbessert ginn.
  • Besonnesch sollt d‘Dimensioun „Normen an Ethik“ (ethescht Verhale vun Entreprisen, Toleranz an Aussepolitik) gestäerkt ginn, well si e wichtege Facteur souwuel fir dat allgemengt Bild vum Land wéi och fir positiv Aussoen iwwer Lëtzebuerg ass.