Vietnam

2023

Iwwerbléck

  • 84 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen (48 % kennen et gutt, 46 % mëttelméisseg a 6 % nëmmen e bëssen).
  • Vun deene Persounen, déi d’Land kennen, ware 37 % schonn zu Lëtzebuerg, haaptsächlech aus touristesche Grënn (90 %), gefollegt vu private Grënn (Besuch bei Frënn oder Familljememberen, 20 %) a beruffleche Grënn (20 %).
  • 74 % vun de Befroten erënneren sech drun, Informatiounen iwwer Lëtzebuerg an de Medie gesinn ze hunn.

Spontan Associatiounen

Déi spontan Associatioune bezéien sech virun allem op d’Bild:

  • vun engem Land mat eenzegaartegen an international unerkannte kulturellen Atouten (15 %);
  • vun engem Land mat schéine Landschaften (15 %).

Um Niveau vum Image

Am Allgemenge ginn déi véier bewäert Dimensioune vun de vietnameesesche Befrote positiv ageschat.

  • Funktionell Dimensioun: Déi meescht funktionell Aspekter gi positiv bewäert, besonnesch d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Aarbechtsplaz.
  • Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e solidarescht a verantwortungsbewosst Land ugesinn, dat sech fir den Ëmweltschutz an och fir de Fridden an d’Mënscherechter asetzt.
  • Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt fir säi räicht geschichtlecht a kulturellt Ierwen, seng Traditiounen an eng dynamesch a kreativ Kulturzeen geschätzt.
  • Natierlech Dimensioun: Déi vietnameesesch Befrote verbanne Lëtzebuerg mat schéine Landschaften, enger gréisstendeels intakter Natur souwéi mat schéine Séien a Flëss.
  • Emotional Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e faszinéierend Land beschriwwen. Dës Perceptioun schéngt virun allem mam touristeschen Attrait vum Land zesummenzehänken.

Verhalensfacteuren

  • Déi grouss Majoritéit vun de vietnameesesche Befroten (83 %) géif gär eemol op Lëtzebuerg reesen.
  • Lëtzebuerg gëtt och als attraktiv Plaz ugesinn, fir do ze wunnen an ze schaffen, wann och a manner staarkem Mooss (77 %).
  • Wat d’Kenntnisser iwwer d’Land méi grouss sinn, wat de Wonsch méi staark ass, zu Lëtzebuerg ze liewen an ze schaffen.

Konsequenzen

  • Déi héich Bekanntheet vu Lëtzebuerg an säin touristeschen Attrait bidden eng gutt Grondlag, fir d’Bezéiunge mam vietnameesesche Public weider auszebauen.
  • A Vietnam gëtt Lëtzebuerg als modernt, innovatiivt a stabiit Land ugesinn – e Bild, dat et vun den anere studéierte Länner ënnerscheet.
  • Eng méi staark Kommunikatioun iwwer d’Traditiounen an de kulturelle Patrimoine vu Lëtzebuerg kéint dozou bäidroen, dëst Bild weider ze beräicheren an ze diversifizéieren.