Frankräich
Frankräich
2023
IWWERBLÉCK
- A Frankräich gi 47 % vun de Befroten un, d’Land ze kennen (14 % ganz gutt, 65 % mëttelméisseg an 21 % e bëssen). Déi jonk Fransousen (18-29 Joer) weisen déi héchste Familiaritéit mat Lëtzebuerg op (74 %).
- 39 % vun deenen, déi d’Land kennen, hunn et scho mol besicht an 19 % ware scho méi dacks do. D’Visite si virun allem duerch den Tourismus motivéiert (78 %), duerch privat Grënn (Besuch vu Frënn oder Famill, 21 %), berufflech Grënn (11 %), aner Grënn (11 %) an, an engem méi klenge Mooss, fir de Studium (3 %).
- 28 % erënneren sech drun, an de Medien Informatiounen iwwer Lëtzebuerg gesinn ze hunn.
SPONTAN ASSOCIATIOUNEN
An de spontanen Associatioune vun de Fransousen dominéiert d’Iddi vun:
- engem Land mat Wuelstand (11 %),
- engem Land dat fir säi fiskale Kader bekannt ass (9 %),
- engem klenge Land (8 %) an
- engem Land mat eenzegaartegen an internationale kulturellen Atouten (8 %) souwéi enger Monarchie (8 %).
UM NIVEAU VUM IMAGE
Tëschent 2019 an 2023 huet den Image vu Lëtzebuerg a Frankräich eng wichteg Progressioun gemaach: wärend déi normativ/eethesch a kulturell Dimensiounen souwéi d’Natur grouss Schwächte waren, sinn se haut zu engem echten Hiewel ginn. Den Image vum Land berout elo op engem zolitte kulturellen an normative Fundament. Allerdéngs feelt et nach u Visibilitéit iwwer spezifesch kulturell an technologesch Atouten. D’Land gëtt als eng leeschtungsfäeg wirtschaftlech Plattform gesinn, déi och duerch eng grouss sozial Oppenheet iwwerzeegt.
- Kulturell: wann och déi räich Geschicht unerkannt gëtt, sou ginn déi méi zäitgenëssesch kulturell Atouten (kreativ Zeen, Traditiounen, Gastronomie) manner identifizéiert. Déi lëtzebuergesch ëffentlech Perséinlechkeeten a sportlech Erfolleger bleiwen dacks onbekannt.
- Normativ/ethesch: dat ass eng grouss Stäerkt: Lëtzebuerg gëtt am grousse Ganzen als en oppent an tolerant Land gesinn, wou verschidde Kulturen an Nationalitéite matenee liewen an e Land, dat Solidaritéit beweist.
- Natur: d’Natur gëtt ganz positiv bewäert, besonnesch d’Schéinheet vun de Landschaften. D’Fransousen schätzen den Aspekt vun der “onberéierter Natur” vum Land, obwuel dës Dimensioun manner en Differenzéierungsfaktor ass wéi fir aner Länner, déi méi wäit ewech leien.
- Funktionell: d’Land gëtt staark mat engem gënschtege Klima fir Entreprisen an Investisseuren associéiert, sou wéi mat enger attraktiver Plaz fir ze schaffen. Dogéint ass säi Ruff als Leader an de Weltraumtechnologien oder an der Spëtzefuerschung nach net genuch gefestegt.
- Emotional: d’Land profitéiert vun engem korrekte Sympathiekapital, gedroe vum Image vun enger gaaschtfrëndlecher Populatioun.
VERHALENSFACTEURE
- Um Niveau vum Verhalen ass de Fait fir positiv iwwer Lëtzebuerg ze schwätzen haaptsächlech un déi normativ Dimensioun gebonnen (etheschen a verantwortungsvollen Entrepreneriat, intergenerationell Verantwortung), gefollegt vun der funktioneller Dimensioun (Attraktivitéit vun der Aarbechtsplaz a vun der Gouvernance), der Natur (schéi Landschaften a Waasserleef) an der kultureller Dimensioun (räich Geschicht a charismatesch Perséinlechkeeten).
- D’Reesmotivatioune ginn haaptsächlech duerch d’Natur positiv stimuléiert. D’Schéinheet vun de Landschaften an de Waasserleef stellen en entscheedend Element duer.
- D’Intentioun, sech berufflech zu Lëtzebuerg nidderzeloossen, ass méi schwaach awer klëmmt direkt mat der Bekanntheet vum Land. Si ass virun allem mam normativen Aspekt verbonnen (besonnesch d’Ethik an d’Solidaritéit), gefollegt vun der Kultur (Gastronomie a Patrimoine).
- D’Intentioun fir lëtzebuergesch Produiten ze kafen, berout op dem Natur-Aspekt (Schéinheet vun de Landschaften a Waasserleef), gefollegt vun der funktioneller Dimensioun (Gouvernance an Innovatiounskapazitéit), der normativer Dimensioun (Solidaritéit a verantwortungsvollt Handelen) an dem kulturellen Aspekt (räich Geschicht an eenzegaarteg kulturell Atouten).
FAZIT
Fir d’Attraktivitéit fir Talenter an Touristen ze stäerken, sollten d’Kommunikatiounsefforten a Frankräich iwwer de finanziellen Aspekt erausgoen a vun de staarken normative Wäerter, wéi eng “oppe Gesellschaft” profitéieren an an de Mëttelpunkt stellen (ethescht Verhale vun den Entreprisë wéi “Green Finance” an Nohaltegkeetsinitiativen, Solidaritéit a Verantwortung géintiwwer de kommende Generatiounen).
D’Ervirsträiche vun der kreativer Kulturzeen an den Innovatiounen (besonnesch an der technologescher Innovatioun an an der Weltraumfuerschung) géif et erlaben, de globalen Image vum Land ze moderniséieren a méi Visiteuren an Investisseuren unzelackelen. Schlussendlech stellt d’Valorisatioun vun den Natur en effektiven Hiewel duer, fir d’Bekanntheet a konkret Visitten ëmzesetzen an dobäi den Image vun engem Land ze verstäerken, an deem och d’Liewensqualitéit primordial ass.