Italien

2023

Iwwerbléck

  • An Italien huet Lëtzebuerg en héije Bekanntheetsgrad: 50 % vun de Befrote soen, datt si d’Land kennen (15 % ganz gutt, 68 % mëttelméisseg an 18 % e bëssen).
  • Vun deene Persounen, déi Lëtzebuerg kennen, hunn 39 % d’Land schonn emol besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (73 %), gefollegt vu private Grënn (Besuch bei Frënn oder Famill, 21 %) a geschäftleche Grënn (17 %).
  • 24 % erënneren sech drun, Informatiounen iwwer Lëtzebuerg an de Medie gesinn ze hunn.

Spontan Associatiounen

Déi spontan Associatioune vun den Italieener ginn haaptsächlech dominéiert vun der Iddi vun:

  • engem Land mat eenzegaartegen an internationale kulturellen Atouten (13 %); an
  • engem Land mat Wuelstand (10 %).

Um Niveau vum Image

  • Kultur: Lëtzebuerg gëtt als Land mat enger räicher Geschicht an Traditiounen ugesinn, souwéi mat enger kreativer an dynamescher Kulturzeen.
  • Funktionell: Dat investitiouns- a entreprenariatsfrëndlecht Ëmfeld gëtt ganz positiv bewäert. Op där anerer Säit gëtt Lëtzebuerg manner mat Wëssenschaft a Fuerschung a Verbindung bruecht, besonnesch net als Leader am Beräich vun der Weltraumfuerschung an de Weltraumtechnologien.
  • Natur: D’Land gëtt mat schéine Landschaften, enger gréisstendeels erhalener Natur a wonnerschéine Séien a Flëss a Verbindung bruecht.
  • Normativ/Ethesch: Lëtzebuerg gëtt ganz staark mat Ethik a Wäerter verbonnen. Et gëtt besonnesch als Land ugesinn, dat sech fir eng nohalteg Gesellschaft asetzt an dat oppen an tolerant ass.

Verhalensfacteuren

  • Positiv iwwer Lëtzebuerg ze schwätzen ass virun allem mat normative Wäerter verbonnen, besonnesch mat der Bedeitung vu Fridden a Mënscherechter.
  • Lëtzebuerg gëtt allgemeng als e ganz sympathescht Land ugesinn, wat virun allem mat senger Attraktivitéit als touristesch Destinatioun zesummenhänkt. Déi grouss Majoritéit vun de Befroten an Italien géif gär eemol op Lëtzebuerg reesen.
  • Lëtzebuerg gëtt och als attraktiivt Land ugesinn, fir do ze liewen an ze schaffen, awer a wesentlech méi klengem Ausmooss. Gläichzäiteg gëllt: Wat d’Leit Lëtzebuerg besser kennen, ëmsou méi wëllen si do liewen a schaffen.

Konsequenzen

  • D’Bekanntheet vu Lëtzebuerg erhéijen an déi kulturell Dimensioun weider stäerken.
  • Eng strategesch Kommunikatioun iwwer déi modern Innovatiounen an déi technologesch Leeschtunge vu Lëtzebuerg kéint d’Perceptioun vum Land beräicheren an gläichzäiteg seng allgemeng Attraktivitéit weider stäerken