Spuenien
Spuenien
2023
Iwwerbléck
- 51 % vun de Befrote ginn un, Lëtzebuerg ze kennen (13 % kennen d’Land ganz gutt, 67 % mëttelméisseg an 21 % e bëssen).
- Vun deene Persounen, déi d’Land kennen, hunn 33 % Lëtzebuerg schonn emol besicht, virun allem aus touristesche Grënn (85 %), gefollegt vu private Grënn (Besuch bei Frënn oder Familljememberen, 15 %) a beruffleche Grënn (15 %).
- 34 % vun de Befroten erënneren sech drun, Informatiounen iwwer Lëtzebuerg an de Medie gesinn ze hunn.
Spontan Associatiounen
Déi spontan Associatioune bezéien sech virun allem op d’Bild:
- vun engem Land mat eenzegaartegen an internationale kulturellen Atouten (19 %);
- vun engem klenge Land (17 %).
Um Niveau vum Image
Am Allgemenge ginn all bewäert Dimensioune positiv ageschat.
- Funktionell Dimensioun: D’Spuenier schätzen déi gutt Bildungs- a Weiderbildungsméiglechkeeten souwéi d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Aarbechtsplaz.
- Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e multikulturellt, oppent an tolerant Land ugesinn, dat sech fir de Fridden asetzt.
- Kulturell Dimensioun: D’Land gëtt mat enger räicher Geschicht, staarken Traditiounen an eenzegaartege kulturellen Atoute verbonnen.
- Natierlech Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt mat schéine Landschaften, pittoreske Waasserleef an enger erhalener Natur associéiert.
- Emotional Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als attraktiivt Land ugesinn.
Verhalensfacteuren
- Eng grouss Majoritéit vun de Befrote (83 %) géif gär enges Daags op Lëtzebuerg reesen.
- 60 % géife gär zu Lëtzebuerg liewen a schaffen. Wat d’Befrote Lëtzebuerg besser kennen, ëmsou méi grouss ass hiren Interessi, do ze liewen an ze schaffen.
- 73 % wiere bereet, lëtzebuergesch Produiten oder Servicer ze kafen.
- 76 % géifen sech positiv iwwer Lëtzebuerg äusseren.
Konsequenzen
- De multikulturelle Charakter vu Lëtzebuerg a seng technologesch Stäerkte méi staark ervirzehiewen, kéint d’Attraktivitéit vum Land beim spuenesche Public weider erhéijen.
- D’Bild vun engem modernen an innovative Lëtzebuerg bitt eng Chance, d’allgemeng Perceptioun vum Land a Spuenie weider ze diversifizéieren an ze beräicheren.