Japan
Japan
2024
Iwwerbléck
- A Japan genéisst Lëtzebuerg en héije Bekanntheetsgrad: 41 % vun de Befrote soen, datt si d’Land kennen (6 % ganz gutt, 61 % mëttelméisseg an 33 % e bëssen).
- 12 % vun deene Leit, déi d’Land kennen, hunn et schonn emol besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (84 %), geschäftleche Grënn (19 %) oder private Grënn (Besuch bei Frënn oder Familljememberen, 11 %).
- 24 % erënneren sech drun, Medieninformatiounen iwwer Lëtzebuerg gesinn ze hunn.
Spontan Associatiounen
Déi spontan Associatiounen, déi d’Japaner mat Lëtzebuerg verbannen, ginn haaptsächlech dominéiert duerch d’Bild vun engem:
- klenge Land (14 %),
- Land, dat Member vun internationalen Organisatiounen an Allianzen ass (12 %),
- Land mat eenzegaartegen an international unerkannte kulturellen Atouten (9 %).
Um Niveau vum Image
- Kulturell: Lëtzebuerg gëtt virun allem fir säi räicht historescht Ierwen an d’Attraktivitéit vu sengen Traditioune geschätzt. D’Land ass dogéint manner bekannt fir seng markant Perséinlechkeeten.
- Funktionell: Déi meescht funktionell Aspekter gi positiv bewäert. Besonnesch gutt bewäert ginn déi kompetent Regierung souwéi déi héichwäerteg Grond- a Weiderbildungsofferen. Lëtzebuerg gëtt awer manner mat Wëssenschaft a Fuerschung a Verbindung bruecht, besonnesch als Leader an der Weltraumfuerschung an de Weltraumtechnologien.
- Natur: D’Japaner hunn eng ganz positiv Perceptioun vu Lëtzebuerg wat d’Natur ugeet, seng schéi Landschaften, Séien a Flëss souwéi den Erhalt vu sengem natierlechen Ëmfeld.
- Normativ/eethesch: Lëtzebuerg gëtt staark mat Ethik a Wäerter a Verbindung bruecht. Et gëtt besonnesch als Land ugesinn, dat méi wéi den internationalen Duerchschnëtt zum Fridden an zum Schutz vun de Mënscherechter bäidréit an dat Auslänner begréisst.
- Emotional Dimensioun: Déi emotional Elementer ginn iwwerwältegend positiv bewäert. Lëtzebuerg gëtt besonnesch als Land mat gaaschtfrëndlechen Awunner an als allgemeng sympathescht Land beschriwwen.
Verhalensfacteuren
- Déi grouss Majoritéit vun de befrote Japaner géif gär enges Daags op Lëtzebuerg reesen.
- Lëtzebuerg schéngt awer fir Japaner relativ manner attraktiv als Wunn- an Aarbechtsplaz ze sinn.
- Allerdéngs klëmmt de Wonsch, zu Lëtzebuerg ze liewen an ze schaffen, mat der Kenntnis vum Land.
Fazit
- Et gëtt recommandéiert, déi kulturell an normativ Dimensiounen ze stäerken an dobäi gläichzäiteg d’wirtschaftlech Visibilitéit ze erhéijen. Beispillsweis kéinten Traditiounen an d’Gastronomie promouvéiert ginn an individuell touristesch Offeren entwéckelt ginn, déi souwuel déi lëtzebuergesch Natur wéi och den historesche Patrimoine integréieren.
- Zousätzlech soll iwwer déi normativ Engagementer kommunizéiert ginn, dat heescht iwwer lëtzebuergesch Initiativen am Beräich vun der Ëmwelt, der Nohaltegkeet an der Toleranz, déi gutt mat de japanesche Wäerter harmonéieren. Schlussendlech soll Lëtzebuerg als europäeschen Hub fir japanesch Entreprisë promouvéiert ginn, déi eng Expansioun an Europa sichen.