Vereenegt Kinnekräich

Vereenegt Kinnekräich

2024

Iwwersiicht

  • Am Vereenegte Kinnekräich soen 58 % vun de Befroten, datt si Lëtzebuerg kennen (12 % ganz gutt, 66 % mëttelméisseg an 23 % e bëssen).
  • 43 % vun deenen, déi d’Land kennen, hunn et schonn emol besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (78 %), gefollegt vu geschäftleche Grënn (23 %) a private Grënn (Besuch vu Frënn oder Familljememberen, 12 %).
  • 29 % erënneren sech drun, Informatiounen iwwer Lëtzebuerg an de Medie gesinn ze hunn.

Spontan Associatiounen

Déi spontan Associatiounen, déi d’Britte mat Lëtzebuerg verbannen, ginn haaptsächlech gepräägt duerch d’Bild vun engem:

  • klenge Land (22 %),
  • Land mat ganz schéine Landschaften (17 %) an
  • Land mat eenzegaartegen an internationale kulturellen Atouten (16 %).

Um Niveau vum Image

  • Funktionell Dimensioun: Déi meescht funktionell Aspekter gi positiv bewäert, besonnesch d’Kompetenz vun der Regierung an d’Attraktivitéit als Aarbechtsplaz. Allerdéngs gëtt Lëtzebuerg manner mat enger Pionéierroll op weltwäitem Niveau am Beräich vun de Finanztechnologien, der Fuerschung oder de Weltraumtechnologien a Verbindung bruecht.
  • Normativ Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e Land ugesinn, dat Auslänner empfänkt, oppen an tolerant ass, Solidaritéit weist a Verantwortung iwwerhëlt, an an deem verschidde Kulturen an Nationalitéiten zesummeliewen.
  • Kulturell Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e Land mat enger räicher Geschicht, enger kreativer Kulturzeen an attraktiven Traditiounen ugesinn.
  • Naturdimensioun: D’Britten hunn eng ganz positiv Perceptioun vun der Natur zu Lëtzebuerg, besonnesch wat déi schéi Landschaften, attraktiv Séien a Flëss an déi erhalen Natur ugeet.
  • Emotional Dimensioun: Lëtzebuerg gëtt als e Land mat gaaschtfrëndlechen a sympatheschen Awunner beschriwwen.

Verhalensfacteuren

  • Déi grouss Majoritéit vun de befrote Britte géif gär op d’mannst eemol Lëtzebuerg besichen.
  • Lëtzebuerg erschéngt och attraktiv als Wunn- an Aarbechtsplaz, awer op engem däitlech méi nidderegen Niveau.
  • Allerdéngs klëmmt mam Wëssen iwwer d’Land och de Wonsch, do ze liewen an ze schaffen.

Fazit

  • Et ass ubruecht, d’allgemeng Bekanntheet a besonnesch d’kulturell Visibilitéit weider ze stäerken, zum Beispill duerch d’Organisatioun vun Ausstellungen iwwer d’lëtzebuergesch Geschicht an Traditiounen op emblematesche brittesche Plazen oder duerch d’Promotioun vun der lëtzebuergescher Gastronomie – wéi Wäiner a kulinaresch Spezialitéiten – op Festivallen oder spezifeschen Eventer.
  • Ausserdeem ass et wichteg, iwwer déi normativ Wäerter ze kommunizéieren, also iwwer den Engagement vu Lëtzebuerg fir ethesch Uleies wéi Fridden, Mënscherechter an Nohaltegkeet.

Verglach mat 2019

Zënter der leschter Etüd vun 2019 am Vereenegte Kinnekräich huet sech Lëtzebuerg an alle fënnef Dimensioune markant verbessert.

Besonnesch d’global Reputatioun (emotional Dimensioun) huet däitlech zougeholl (+20,9 %).

Och déi kulturell Dimensioun, déi 2019 nach am schwächste bewäert gouf, huet sech kloer verbessert (+25,0 %).

2024 ass d’Zuel vun de Leit, déi Lëtzebuerg kennen oder d’Land besicht hunn, däitlech geklommen.