Singapur

2025

Iwwerbléck

  • Zu Singapur ass de Bekanntheetsgrad vu Lëtzebuerg relativ héich: 67 % vun de Befrote ginn un, d’Land ze kennen (18 % ganz gutt, 63 % mëttelméisseg an 19 % e bëssen).
  • 31 % vun deenen, déi d’Land kennen, hunn et scho besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (82 %), dono aus geschäftleche Grënn (21 %) a private Grënn (Besuch vun engem Frënd oder Familljemember, 21 %).
  • 46 % erënnere sech drun, an de Medien Informatiounen iwwer Lëtzebuerg gesinn ze hunn.

Spontan Assciatiounen

An de spontanen Associatioune vun de Singapurer dominéiert d’Iddi vun:

  • engem klenge Land (20 %),
  • engem Land mat eenzegaartegen an internationale kulturellen Atouten (16 %) an
  • engem Land mat Wuelstand (15 %).

Um Niveau vum Image

  • Kulturell: Lëtzebuerg gëtt fir seng räich Traditiounen, seng Gastronomie a seng bemierkenswäert kulturell Atoute (UNESCO) geschätzt.
  • Normativ/eethesch: Déi positiv Perceptioune sinn zeréckzeféieren op seng Oppenheet géintiwwer Auslänner, seng Ëmweltverantwortung a säi Bäitrag zum Fridden.
  • Natur: D’Schéinheet vun der Natur, och vun de Landschaften an de Flëss, verstäerken de Gesamtandrock.
  • Funktional: Och wann et fir d’Imagebildung keng zentral Roll spillt, ass Lëtzebuerg fir seng Stäerkt am Beräich vun der Fuerschung, säin unterneemerescht Ëmfeld a seng Unzéiungskraaft als Aarbechtsplaz unerkannt.

Verhalensfacteuren

D’Verhalensstruktur bleift tëscht 2020 an 2025 insgesamt stabil.

  • Déi positiv Äusserungen iwwer Lëtzebuerg an den Interessi fir d’Reese ginn haaptsächlech duerch normativ Wäerter stimuléiert, besonnesch duerch d’Wichtegkeet, déi der Nohaltegkeet an dem Fridde bäigemooss ginn; och d’Natur — Landschaften a Flëss — dréit zur touristescher Attraktivitéit bäi.
  • De Kaf vu Lëtzebuerger Produiten an d’Unzéiungskraaft vun Talenter berouen éischter op de funktionale Stäerkte vum Land: d’Qualitéit vun de Produiten, en attraktiivt Aarbechtsëmfeld an eng kompetent Gouvernance. Dës Dimensioune bleiwen entscheedend, fir d’Verhalen ze orientéieren, och wa se manner zu der Gestaltung vum emotionalen Image bäidroen.

Kuckt och