Taiwan

2025

Iwwerbléck

  • An Taiwan ginn 68 % vun de befrote Persounen un, Lëtzebuerg ze kennen: 15 % ganz gutt, 62 % mëttelméisseg gutt an 23 % e bëssen.
  • 25 % vun deenen, déi d’Land kennen, hunn et scho besicht, haaptsächlech aus touristesche Grënn (88 %), dono aus geschäftleche Grënn (16 %) a private Grënn (Besuch vun engem Frënd oder Familljemember, 11 %).
  • 35 % erënnere sech drun, an de Medien Informatiounen iwwer Lëtzebuerg gesinn ze hunn.

Spontan Associatiounen

An de spontanen Associatioune vun den Taiwaner dominéiert d’Iddi vun:

  • engem Land mat eenzegaartegen an internationale kulturellen Atouten (19 %),
  • engem Land mat Wuelstand (16 %) an
  • engem klenge Land (14 %).

Um Niveau vum Image

  • Normativ/eethesch: Den Engagement fir d’Ëmwelt, d’Toleranz an d’Verantwortung géintiwwer den zukünftege Generatioune gi besonnesch appreciéiert.
  • Kulturell: De kulturelle Räichtum, d’Kreativitéit an déi charismatesch Perséinlechkeete suerge fir eng spierbar Attraktivitéit.
  • Natur: D’Landschaften, d’Flëss an déi geschützt Natur stäerken den touristeschen Image.
  • Funktional: D’Bildungsméiglechkeeten, en attraktiivt Aarbechtsëmfeld an en investitiounsfrëndleche Kader ginn unerkannt, bleiwen awer de Facteur mat deem geréngsten Afloss.

Verhalensfacteuren

  • D’normativ Wäerter an d’Natur stimuléieren haaptsächlech positiv Äusserungen an den Interessi fir d’Reesen.
  • D’Kultur, ergänzt duerch funktional Elementer, fërdert den Interessi dir Lëtzebuerger Produiten an d’Unzeiungskraaft fir Talenter.

Fazit

Ervirhiewe vun der kreativer Wirtschaft a vun de charismatesche Perséinlechkeeten, Verstäerkung vun der Kommunikatioun ronderëm den Ëmwelt-Leadership an Illustratioun vum Equiliber tëscht Innovatioun an Traditioun. (Methodologesch Nott: Der Selbstaschätzung no héije Kenntnisniveau).