Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
2025
Iwwerbléck
Lëtzebuerg genéisst eng héich intern Unerkennung an en déift Gefill vun Zesummegehéieregkeet: 82 % vun de Befrote kennen den offizielle Slogan “Luxembourg: Let’s make it happen”, deen als positiv a modern ugesi gëtt, besonnesch vun Net-Nationalen an deenen, déi am Ausland ausgebilt goufen.
Um Niveau vum Image
Um Niveau vum Image sinn d’Perceptiounen insgesamt ausbalancéiert: all Dimensiounen — kulturell, funktionell, normativ an d’Natur — si wichteg. Kultur stécht als déi bedeitendst Dimensioun ervir, gefollegt vun der Natur an duerno vun de funktionellen an normativen Aspekter. D’Natur krut déi héchst Duerchschnëttsbewäertung, wärend d’Kultur nach Potenzial fir weider Wäertschätzung huet.
- Kulturell: Déi wichtegst Image-Motoren si Wäin, charismatesch Perséinlechkeeten, Nightlife, Lëtzebuerger Gastronomie an d‘Geschicht. Kultur gëtt als e strategeschen Hiewel bei der Gestaltung vun der positiver Erfarung mat Lëtzebuerg geschätzt, deen d’Engagement vu Residenten a Visiteure stäerke kann.
- Natur: D’Schéinheet vun der Natur, och vun de Landschaften a Flëss déngen als wichteg Image-Hiewel a stäerken de positiven Androck vum Land.
- Funktionell: D‘Effizienz vum Staat, d‘Attraktivitéit vum Aarbechtsmaart an d‘Qualitéit vum Fuerschungsëmfeld sinn och entscheedend a verstäerken de Gesamtandrock.
- Normativ/Ethesch: Wäerter wéi generatiounsiwwergräifend Verantwortung, Fridden, Mënscherechter, Toleranz a seng Geschäftlech Ethik gi geschätzt.
Verhalensfacteuren
- Positiv Äusserungen iwwer Lëtzebuerg gëtt haaptsächlech vu funktionelle Facteure gedriwwen, besonnesch d’Roll vun der Fuerschung, ergänzt duerch Natur (Landschaften a Flëss) a Kultur (Wäin a charismatesch Perséinlechkeeten).
- D’Kafabsichte fir lëtzebuergesch Produite berouen haaptsächlech op funktionellen a kulturell Facteuren, inklusiv d‘Lëtzebuerger Roll an der Fuerschung a Fintech, senger Wäikultur a prominent Perséinlechkeeten.
- D’Reesmotivatioune bleiwe staark vun den Atoute vun der Natur beaflosst, gefollegt vu funktionelle Facteuren.
- De Choix fir zu Lëtzebuerg ze liewen an ze schaffe gëtt gréisstendeels vu funktionellen an normative Facteure beaflosst, inklusiv der Roll vum Land an der Fuerschung an de Wäerter wéi Ethik, Toleranz a generatiounsiwwergräifend Verantwortung.
Bekanntheet vun den Nationalen Initiativen
D’Bekanntheet vun nationalen Initiativen ass héich: Luxembourg – Let’s make it happen (82%), Visit Luxembourg (90 %), Luxinnovation (72 %), Luxembourg for Finance (69 %) a Research in Luxembourg (61 %).
82 % kennen den offizielle Slogan “Luxembourg: Let’s make it happen“; 43 % fannen e positiv, 39 % attraktiv an 39 % modern.
National Wäerter
D’Residentë fannen am Allgemengen, datt Lëtzebuerg d’Kärwäerter– Oppenheet, Zouverlässegkeet an Dynamik – ëmsetzt an identifizéieren sech gréisstendeels mat hinnen. Oppenheet ass dee stäerkste verbonnene Wäert (83 %), gefollegt vun Zouverlässegkeet (78 %), wärend Dynamik liicht manner staark ervirstécht (76%%).
Wirtschaftlech Haaptsecteuren
De Banken- a Finanzsektor gëtt als de wichtegste Secteur identifizéiert (59 %), gefollegt vun der Landwirtschaft, dem Tourismus an der Logistik (ongeféier 30 % jee). Innovatioun, Technologie a kreativ Industrië sinn nach manner bekannt (15 %).
Attraktivitéit fir Talenter
Wat d’Unzéiungskraaft fir international Talenter ugeet, ginn d’Loun- a Sozialvirdeeler (41 %), d‘Méisproochegkeet (27 %), d‘Liewensqualitéit (26 %) an d‘Gesondheetsversuergung (24 %) als besonnesch attraktiv ugesinn. Zousätzlech Schwéierpunkte sinn d‘Work–Life Balance, déi kulturell Diversitéit an d’Kompatibilitéit vun der Famill mat der Aarbecht.
Fazit
Obwuel de funktionellen Image vum Land staark ass, kéinten “Success Stories” an der Fuerschung, an der ëffentlecher Innovatioun an an zukünftege Projeten (Fintech, Raumfaart, kreativ Industrien) méi ervirgehuewe ginn. Dës entstoend Sektoren sinn nach ënnerrepresentéiert, mee hu grouss d‘Potenzial, besonnesch fir de lokalen oder spezialiséierte Konsum vu lëtzebuergesche Produite.
D’Stäerkung vun der Kohärenz tëscht Innovatioun, Stabilitéit a Vertrauenswierdegkeet géif Lëtzebuerg als zukunftsorientéiert Natioun fest verankeren. Wéinst der wichteger Roll vun den normativen an ethesche Wäerter fir d’Perceptioun kéinte generatiounsiwwergräifend Verantwortung, Fridden, Mënscherechter, an Toleranz nach méi an de Fokus vun ëffentleche Campagnë gesat ginn