Accessibilitéitserklärung
D'Ekipp vun der "Promotion de l’image de marque" vum Wirtschaftsministère (LMIH) verflicht sech derzou säi Site accessibel ze gestalten, konform mam Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vun den Internetsitten a mobillen Applikatioune vun den Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitsdeklaratioun bezitt sech op de Sitt https://www.lmih.lu.
Wat bedeit digital Accessibilitéit?
D’Zil vun der digitaler Accessibilitéit ass et, datt Persoune mat engem Handicap de Web an déi mobil Applikatioune kënne benotzen.
Konformitéitsstatut
Dëse Site entsprécht deelweis (Konformitéitsniveau vu 85 %) der europäescher Norm EN 301 549 souwéi dem Referenzwierk fir d’Bewäertung vun der Web-Accessibilitéit (RGAA) v4.1.2, dat dës Norm implementéiert, dëst opgrond vun den Elementer, déi heidrënner opgezielt sinn.
Net-accessibelen Inhalt
Déi hei opgelëschten Inhalter sinn aus follgende Grënn net accessibel:
Net Konformitéit
- 3.1. Bei de Billergalerië gëtt den aktive Slide nëmmen duerch eng faarflech Ännerung vun de Punkten (Puce) ugewisen.
- 3.1. Verschidden desaktivéiert Felder gi just duerch eng aner Faarf duergestallt.
- 4.14. Op der Sichsäit sinn d’Audiobeschreiwunge vun de Videoen eréischt no engem Klick op d’Accessibilitéitssymbol disponibel, deen op d’Detailssäit vum Video féiert.
- 7.3. Ënner bestëmmte Bedéngunge funktionéiert d’Tastatursteierung net fir d’Bildvergréisserung an d’Informatiounen iwwer de Fotograf.
- 7.4. D’Filtere vun der Sichsäit beaflossen d’Resultater, ouni datt kloer gemaach gëtt, datt et sech ëm Filter handelt.
- 7.5. D’Opmaache vu Pop-ups wéi „Newsletter (Join the community)“ an „Ech sinn / Ech wëll erreechen“ gëtt dem Benotzer net matgedeelt.
- 7.5. Beim Klick op den „Download“-Knäppchen, deen d’Sproochoptiounen opklappt, gëtt den oppenen Zoustand vum Knäppchen net un den Assistenztool vermëttelt.
- 8.2. Et ginn e puer kleng W3C-Feeler am HTML-Code.
- 8.9. Verschidde sichtbar, awer eidel Elementer sinn um Site.
- 9.2. Inkohärent Titeltag-Hierarchie op e puer Säiten.
- 9.3. Op der Homepage hunn e puer Lëschtelementer kee Parentelement. Den Juicer-Plugin gëtt par défaut ugewisen.
- 10.3. Op e puer Säiten ass d’Informatioun net ze verstoen ouni CSS-Stiler.
- 10.4. Op verschiddene Säite kënnt et zu engem horizontalen Debordement bei engem Zoom vun 200 %.
- 10.5. Verschidden Texter hu keng Standardfaarf fir Schrëft an Hannergrond.
- 10.7. Bei Videoen, déi e „Preview“ weisen, wann ee mat der Maus driwwergeet, geet de Fokus hannert de Preview-Elementer verluer.
- 10.11. Op verschiddene Säite kënnt et zu engem horizontalen Debordement, wann een en Display vun 256x320 px huet.
- 11.11. Et gëtt keng Virschléi fir Resultater an der Sichfunktioun.
- 12.8. D’Tabulatioun ass net kohärent, wann een eng Fotovergréisserung oder eng Download-Zon zoumécht (Alt + D).
- 12.11. Ënner bestëmmte Bedéngunge si Bildvergréisserung an d’Info zum Fotograf net iwwer d’Tastatur accessibel.
- 13.10. Verschidde Funktiounen op der Websäit erfuerderen eng komplex Tastaturnavigatioun, z. B. Billergalerie, Akkordeon-Elementer ...
Disproportionéiert Belaaschtung
- 1.1. D’Biller hunn net all en alternativen Text. Iwwer 3.000 Biller op der Websäit si momentan a Beaarbechtung.
- 1.3. E puer ARIA-Labels vu Biller soen net genuch aus. Iwwer 3.000 Biller op der Websäit si momentan a Beaarbechtung.
Accessibilitéitsfunktiounen
- D’Accessibilitéitsfunktioune stinn iwwer de Knäppchen/d’Ikon „Accessibilitéitsastellungen“ zur Verfügung:
- méi héijen oder inverséierte Kontrast
- Ännerung vun der Schrëft fir Leit mat Dyslexie
- Vergréisserung vum Zeilenofstand
- Audiobeschreiwung an/oder Ënnertitele si verfügbar fir déi relevant Videoen
Virbereedung vun dëser Accessibilitéitsdeklaratioun
Dës Deklaratioun gouf den 07.05.2025 erstallt. D'Angaben an dëser Deklaratioun sinn exakt a baséieren op enger effektiver Bewäertung vun der Konformitéit vun dësem Site mat den Ufuerderungen, déi am (RGAA) v4.1.2 fixéiert sinn, wéi eng Evaluatioun vun engem Drëtten "Binsfeld".
Feedback a Kontakt
Wann Dir e Problem mat der Accessibilitéit feststellt, schéckt eis eng E-Mail un info.imagedemarque@eco.etat.lu. Beschreift Äre Problem a gitt déi concernéiert Säit un. Mir äntweren Iech per E-Mail bannent engem Mount. Fir de Problem nohalteg ze léisen, gëtt fir d’éischt gekuckt, ob den Accessibilitéitsproblem online geléist ka ginn. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt déi gewënschten Informatioun Iech an engem accessibele Format, wéi Dir et braucht, zougestallt,
- entweeder schrëftlech an engem Dokument oder enger E-Mail
- oder mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.
Prozedur, déi d’Anhale vun de Bestëmmunge sécherstellt
Am Fall, wou d’Äntwert net befriddegend wier, hutt Dir d’Méiglechkeet, den Informatiouns- a Pressedéngscht, dee fir d’Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, iwwer säin Online-Reklamatiounsformulaire oder d’Ombudspersoun, de Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, ze informéieren.
Dës Deklaratioun baséiert op der Virlag vum Dokument, dat an der Ausféierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiert ass. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun a gëtt ënner enger "Creative Commons Attribution 4.0 International"-Lizenz verëffentlecht.