Storytelling

Entdeckt duerch eng Rei Beispiller wéi den Narrativ vu Lëtzebuerg, Land vun der Kultur a vun de Kulturen, jee no Ärem Aktivitéitssecteur ugepasst ka ginn.

©Thomas Jutzler

Eng Geschicht designt fir eng Iddi ze promovéieren, Opmierksamkeet ze erreegen a virun allem duerch Emotioun ze iwwerzeegen. De "Storytelling", deen hei duerch eng Rei Beispiller proposéiert gëtt, weist Iech, wéi den Narrativ vu Lëtzebuerg, Land vun der Kultur a vun de Kulturen, jee no Ärem Aktivitéitssecteur ugepasst ka ginn.

"For Luxembourg, growth is a mindset, not a measure of more. Luxembourg’s grower’s spirit derives from the farmers who first cultivated the country.
That mindset translates into a welcoming ground for innovators to dig in and grow out.
Built by diversity, Luxembourg is busy reimagining a today that sustains us tomorrow."

Gesellschaft

Am Ufank zu senger Existenz als onofhängegt Land, huet Lëtzebuerg missen op seng eege moer Ressourcen ziele fir sech ze entwéckelen.

Als Réckgrat vun der deemoleger Lëtzebuerger Ekonomie, haten d'Bauere séier d'Wichtegkeet vun der Ausdauer, der Agilitéit an der Wäitsiicht an enger Welt, déi séier ännert, verstanen.

Duerch d'Notze vun de Geleeënheete fir ze léieren an ze innovéiere an d'Redefinéiere vun de Grenze vum Méiglechen, ass et hinne gelongen, sech ze erneieren an hir Gesellschaft nei ze erfannen, Widdregkeeten ze iwwerwannen an esou nei Erfolleger ze erliewen.

D'Approche vum Cultivateur lieft haut nach weider a charakteriséiert nach ëmmer dat haitegt Lëtzebuerg. Säi Patrimoine verbënnt sech mat enger eenzegaarteger Villfalt u Kulturen, déi hei Wuerzele geschloen hunn an zu enger Gesellschaft vum Zesummeliewe bäidréit - dat an engem Land, dat stänneg a Beweegung ass a wou et sech gutt liewe léisst.

©LMIH/Sabino Parente

Ekonomie

Den Ursprong vun eiser Wirtschaftslandschaft läit bei de Bauere vu Lëtzebuerg, déi komplizéierte Klimabedéngungen an onreegelméissege Recolten ausgesat waren an d'Wichtegkeet vun der Wäitsiicht verstanen haten.

Duerch d'Neierfannen an d'Upasse vun hire Praktiken ass et hinnen net nëmme gelongen, hir Aktivitéitsberäicher ze erweideren, mee och eng ganz besonnesch Approche ze entwéckelen; eng Mëschung aus Wäitsiicht, Pragmatismus a Flexibilitéit.

Dës Denkweis, déi iwwer Epochen, vun der Stol- bis zur Déngschtleeschtungsära ugehalen huet, nenne mir "d'Approche vum Cultivateur".

Haut erfuerdert d'Diversifikatioun vun eiser Ekonomie eng Politik vun der "Multispezialiséierung" an de Beräicher Industrie, Ëmwelttechnologien, och Kreeslafwirtschaft an intelligent Mobilitéit, Gesondheetstechnologien, Raumfaarttechnologien, Finanzdéngschtleeschtungen an -technologien, déi op Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie als horizontale Moteur baséiert.

Als Facilitateure vun innovativen Iddie fir eng besser Welt, kultivéiere mir d'Zukunft, hei an elo. Mat Iech.

©LMIH/Sabino Parente

Fuerschung

Als dreiwend Kraaft vu Lëtzebuerg an der Vergaangenheet, hunn d'Baueren der Lëtzebuerger Gesellschaft d'Ingeniositéit an d'Upassungsfäegkeet vermëttelt, déi haut nach hir Aktivitéitsberäicher bestëmmen. Als Facilitateur vu Renconteren am Häerze vun Europa, ass d'Land e grousse Laboratoire, wou Studenten, Fuerscher an Entrepreneren an engem Ekosystem mat mënschlecher Dimensioun zesummeschaffen.

Mat deem séierst wuessenden ëffentleche Fuerschungsbudget an Europa, stellen eis Fuerschungsorganisatiounen ultramodern Infrastrukture fir d'Realisatioun vun usprochsvollen Aarbechte bereet, an dat an engem ëmmer méi staarke Kooperatiounsgeescht mam Privatsecteur an den ëffentlechen Autoritéiten.

Fir eis ass d'Fuerschung e staarke Moteur, fir zur Visioun 2050 vun enger resilienter Welt bäizedroen, an dat duerch geziilt Investitiounen a 4 grouss Haaptfuerschungsberäicher: Industrie- an Déngschtleeschtungstransformatioun, nohalteg a verantwortlech Entwécklung, personaliséiert Gesondheet an Educatioun vum 21. Joerhonnert.

Méi wéi jee notzt Lëtzebuerg déi onbegrenzt Geleeënheeten, déi d'Innovatioun em bitt. Esou bleift d'Approche vum Cultivateur bestoen an erméiglecht eis, eis stänneg weiderzëentwéckelen.

©LMIH/Sabino Parente

Ëmwelt

D'Geschicht vu Lëtzebuerg ass a senger natierlecher Schéinheet verankert. Eis Virfaren aus der Landwirtschaft, déi de Capricë vum Wieder an den onreegelméissege Recolten ausgesat waren, haten d'Wichtegkeet vun der Wäitsiicht an der Moderatioun verstanen. Si waren d'Wäerter vum Land.

Andeems si hir Aktivitéiten nei erfonnt a se enger Welt a stänneger Entwécklung ugepasst haten, goufen dës Baueren Aarbechter, Entrepreneren, Entscheeder. All hu se zum onbeschreifleche Succès vum haitege Lëtzebuerg bäigedroen. Si all loossen d'Approche vum Cultivateur weiderliewen, op déi si houfreg sinn.

Haut si mir net nëmmen dat éischt Land, dat e gratissen ëffentlechen Transport oder weltwäit déi éischt Bourse mat Nohaltegkeetsobligatiounen agefouert huet. Mir leeschten och deen héchste Pro-Kapp-Bäitrag zur internationaler Finanzéierung vum Kampf géint de Klimawandel an hëllefen esou aner Länner bei hirer Transitioun fir eng méi nohalteg Zukunft.

Vun der Raumplanung bis Clean-Tech-Innovatioun, iwwer d'gréng Finanzéierung - duerch e méi intelligent Wuesstum wëlle mir de Wee bis bei eng Netto-Null-Gesellschaft weisen an eis schrëttweis a Richtung Foussofdrock vun engem Planéit beweegen.

©Visit Eislek