Spill “Fakelzuch”

ENTDECKT DAT NEIT VIDEOSPILL « FAKELZUCH » !

Dat interaktiivt 3D Videospill « Fakelzuch »  kann elo am App Store an op Google Play erofgeluede ginn!

Dës lëtzebuergesch Traditioun, déi um Virowend vun Nationalfeierdag statt fënnt, gëtt et elo an engem digitale Format a riicht sech un ee Publikum vun allen Altersklassen.

D’Zil? Féiert de klenge Fuuss, “Reeni”, duerch déi verschidde Lëtzebuerger Regiounen, mam Zil seng Fakel un ze behalen bis hien an d’Stad ukënnt fir d’Freedefeier unzefänken!

Dëst Spill gëtt no a no fir verschidden zukünfteg Uläss weiderentwéckelt, soudass et een participativt an nohaltegt Instrument ass.

PROBÉIERT OCH ÄERT GLÉCK!

Lued elo de « Fakelzuch » am App Store oder op Google Play erof.

Fackelzuch FR
Fackelzuch disponible sur l’App Store et Google Play