Iwwer ons
Demarche

Déi kollektiv Dynamik steet am Mëttelpunkt vun der Nation Branding-Initiativ „LuXembourg – Let's Make It Happen“ (LMIH).
D'Initiativ, déi den 10. Oktober 2016 lancéiert gouf, huet d'Zil, d'Acteuren vun der Promotioun vu Lëtzebuerg ronderëm eng authentesch a kohärent Kommunikatioun zesummenzebréngen, fir „d'Wäerter an d'Gesiichter vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt ze maachen an ze valoriséieren“. Am Laf vun de Joren huet sech e breet Netzwierk vu Ministèren, Institutiounen, Promotiounsagencen, Entreprisen an Acteure vun der Zivilgesellschaft hannert dëser gemeinsamer Ambitioun versammelt.
Nation Branding baséiert op engem Grondprinzip: D'Bild vun engem Land kann net einfach festgeluecht ginn, et gëtt kollektiv opgebaut – duerch eng transversal, neutral a laangfristeg Approche.
D'Demarche besteet deemno doran, d'Acteuren zesummenzebréngen, hir Aktiounen ze koordinéieren an hiren Impakt ze stäerken. Jiddweree dréit dozou bäi, d'Bild vu Lëtzebuerg sichtbar ze maachen an ze verstäerken. An deem Sënn huet „LuXembourg – Let's Make It Happen“, wéi et am Aktiounsplang 2026–2030 festgehale gëtt, follgend Missioun:
Historique
D’Fro vun der Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland ass eng Debatt, déi op d'1990er Joren zréckgeet, wou de Besoin fir eng koordinéierte Handlung opkoum, fir esou den Image vum Land ze valoriséieren an d’Promotioun besser ze strukturéieren.
Am Hibléck op déi vill Acteuren, déi an der d’Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland aktiv sinn, geet et drëm, Kommunikatiounsoutilen z’entwéckelen, déi et erméiglechen, koherent Messagen ze vermëttelen, am Aklang mat der Positionéierung vu Lëtzebuerg op der internationaler Bün.
Am Joer 2013 gouf d’Markepromotioun lancéiert am Aussen- an Europaministère. Ënnert der Leedung vun engem interministeriellen an interinstitutionelle Comité soll d’Initiativ Strategië virschloen an ëmsetzen, fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg ze fërderen.
« Des valeurs positives véhiculées par l’image du Luxembourg seront établies et utilisées par les différents acteurs et dans les campagnes médiatiques officielles pour lesquelles le gouvernement mettra à disposition les moyens nécessaires. » Extrait vun der Säit 35 vum Programme gouvernemental 2013-2018
D’Viraussetzung fir eng authentesch, glafwierdeg an iwwerzeegend Kommunikatioun ass eng kloer Definitioun vun deem, wat d’Lëtzebuerger „Perséinlechkeet“ a Stäerkten ausmécht.
Dës Reflexioun gëtt unhand vun engem partizipative Prozess duerchgeféiert, enger Approche, déi d’Schlësselelement vun der ganzer Demarche ass, déi 2013 vun der Regierung initiéiert gouf.
Op Basis vun Ëmfroen, individuelle Gespréicher, Diskussiounsgruppen esou wéi enger Biergerconsultatioun iwwer eng Online-Plattform entstinn no an no d’Referenzwäerter vum Land, nämlech déi, datt Lëtzebuerg en dynamescht, oppent an zouverlässegt Land ass.
Als Spigelbild vun dësen dräi Wäerter gouf den Archetyp vum Alliéierten ermëttelt, fir d’Perséinlechkeet vu Lëtzebuerg ze definéieren.

Déi selwecht partizipativ Approche gouf fir d’Entwécklung vun der neier visueller Identitéit vu Lëtzebuerg applizéiert, déi 2016 entwéckelt an dem Public presentéiert gouf.

An den éischten zwee Joer haten d’Richtlinne vum Comité fir d’Promotioun vum Image vu Lëtzebuerg d’Zil, d’Erkenntnisser, déi duerch Messagen, Aktiounen a Koordinatiounsaarbechten um nationalen Territoire gewonne goufen, ze notzen, fir den Identifikatiounsprozess vun de Lëtzebuerger Awunner ze stäerken an d’Acteuren an der Promotioun vu Lëtzebuerg zesummenzebréngen.
« Les efforts de promotion de l’image de marque du Luxembourg à travers la stratégie « Nation Branding » seront poursuivis. » Extrait vun der Säit 222 vum Programme gouvernemental 2013-2018.
Vun 2019 u gi Consultatiounen an deem partizipative Sënn duerchgeféiert, deen d’Initiativ zënter hirer Grënnung am Joer 2013 charakteriséiert. D’Zil ass, d’Perceptioun vun der Initiativ bei de Bedeelegten ze evaluéieren an den Impakt vun der Initiativ op den Image am Ausland ze moossen. Dat Ganzt féiert zu der Publicatioun vun enger neier Strategie.
Strategie

D'Strategie fir d'Promotioun vum Image vu Lëtzebuerg, déi op de Kontributioune vun de verschiddenen Acteure vun der Promotioun opgebaut ass, gouf den 2. Juni 2021 vum Regierungsrot validéiert.
Als nohaltege strategesche Kader setzt si de Mënsch an de Mëttelpunkt a leet d'strategesch Grondlag vum Nation Branding fest. Si definéiert déi Konzepter, déi hir Entwécklung bis haut prägen: hir dräi Prioritéitsthemen, déi op hiren dräi Wäerter opbauen, hiren Narrativ an hiert Zil, „datt d'Leit d'Wäerter an d'Gesiichter vu Lëtzebuerg kennen a schätze léieren“.
Hei kënnt Dir d'Strategie an d'Grondlag vum Aktiounsplang 2021–2025 nokucken oder eroflueden.
No der Formatioun vun der neier Regierung am November 2023 ass et de Wirtschaftsministère, dee sech ëm déi interministeriell Missioun vun der Promotioun vum Image vu Lëtzebuerg këmmert a villfälteg Aktivitéiten entwéckelt, fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg an der Welt ze inspiréieren a méi einfach ze maachen.
« Il est essentiel de poursuivre les efforts en matière de promotion de l’image de marque du Luxembourg afin de devenir plus attractif pour les partenaires étrangers. Le pays devrait ainsi continuer à attirer les investissements, les entreprises et les touristes, et promouvoir les échanges culturels. »
Extrait (S. 25) aus dem Regierungsprogramm 2023–2028 (FR).

Zéng Joer no hirem Start zitt d’Initiativ LuXembourg – Let’s Make It Happen (LMIH) Bilan vun hirem Engagement, presentéiert hir nei strategesch Ausriichtungen a lancéiert en Anniversairesprogramm, fir ee Joerzéngt vu kollektivem Asaz am Déngscht vun der Mark Lëtzebuerg ze feieren.
Kuckt hei den Aktiounsplang 2026–2030.
Organisatioun
De Comité LMIH
De Comité proposéiert d’Haaptrichtlinne fir d’Fërderung vum Image vu Lëtzebuerg a setzt se ëm. Zënter senger Grënnung am Joer 2013 verfollegt de Comité eng partizipativ Approche, déi all d’Acteure vun der Gesellschaft a seng Demarche abezitt.
De Comité, deen elo Comité LMIH genannt gëtt (a Bezuch op d’Ufanksbuschtawe vum Slogan Let’s Make It Happen), besteet aus Vertrieder vu Ministèren a Verwaltungen, sektorielle Promotiounsagencen, Beruffschamberen an aus weideren institutionelle Partner:
- Digital Luxembourg
- D'Maison du Grand-Duc
- Film Fund Luxembourg
- Finanzministère
- Handelskammer
- Haus vum Grand-Duc
- Kultur | lx – Arts Council Luxembourg
- Kulturministère
- Luxembourg Convention Bureau
- Luxembourg for Finance
- Luxembourg for Tourism
- Luxinnovation
- Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel
- Ministère fir Digitaliséierung
- Ministère fir Fuerschung an Héichschoul
- Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit
- Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
- Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
- Research Luxembourg
- Sportministère
- Staatsministère, Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda
- Staatsministère, Informations- a Pressedénscht
- Stad Lëtzebuerg
- Wirtschaftsministère
- Wirtschaftsministère, DG – Tourismus
D'Consultativ Memberen
Am eisen Aarbechtsgruppe schaffe mir mat villen Acteuren aus dem ëffentlechen a private Secteur an der Zivilgesellschaft zesummen.
An dësem Prozess vun der Consultatioun an dem Austausch ënnerscheede mir zwou Zorte vun Acteuren: déi, déi aktiv an der Promotioun vu Lëtzebuerg involvéiert sinn, an déi, deenen hir Missioun e staarkt Argument fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg ass, zum Beispill de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, aus der Siicht vum Gratistransport.
All Acteuren ze nennen, déi zënter dem Ufank zu der Entwécklung vun der Initiativ bäigedroen hunn, wier onméiglech. Déi heiten Acteure waren um Ausschaffe vun der neier Strategie an dem Aktiounsplang, deen den 2. Juni 2021 vum Regierungsrot validéiert gouf, bedeelegt:
- Aarbechtsministère
- Chamber
- Creative Hub 1535° Déifferdeng
- IMS
- CSDD
- Fédération des Artisans
- FEDIL
- Fondation IDEA
- Groupe de Haut niveau sur l'attractivité du site de Luxembourg- Communication Action
- Handwierkskammer
- Handwierksverband
- GIE Luxembourg @ Expo 2025 Osaka
- INAP
- Inneministère
- Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch
- Lëtzebuerger Kommissioun fir Zesummenaarbecht mat der UNESCO
- LUGA
- Luxembourg Space Agency
- Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel, Service vun de Foiren am Ausland
- Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
- Ministère fir Ëmwelt, Klima an Biodiversitéit
- Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil
- Ministère fir d’Fonction publique
- Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet
- Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung
- Representatioun vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg
- SOLEP
- SYVICOL
- UEL
- Université du Luxembourg
D'Ekipp LMIH

Déi operationell Ekipp vu LuXembourg – Let’s Make It Happen besteet am Ament aus zéng Leit a befaasst sech am Wirtschaftsministère mat der Image de marque vum Land. D’Aufgab vum LMIH-Team ass et, „d’Acteuren ze inspiréieren an ze koordinéieren an den Image vu Lëtzebuerg am Ausland ze fërderen.“
Als Vermëttler koordinéiert dës Eenheet de Comité LMIH de marque, begleet grouss international Promotiounsaktiounen an entwéckelt eng ganz Rei vu Synergië mat den Acteuren, déi den Image fir Lëtzebuerg virubréngen.
D’Unitéit proposéiert fënnef Servicer:
- Strateegesch Berodung an Ënnerstëtzung vu grousse Promotiounsaktiounen
- Kommunikatioun a Koordinatioun vun den Netzwierker
- Finanziell a materiell Ënnerstëtzung vu Partner
- Verwaltung vun der LuXembourg Collection a vum LuXembourg House
- Betreiung vun der Mark „LuXembourg – Let’s Make It Happen“ a Monitoring