Cookiespolitik

Ännerung vun Äre Cookies-Präferenzen

Dëse Site benotzt Clients-Cookien, kleng Textdateien, déi benotzt ginn, fir dem Benotzer säi Surfen ze analyséieren (Frequenz vun de Visitten, Dauer vun de Visitten, gekuckte Säiten asw.).

Si gi vum Site an e Folder gesat, dee fir dësen Zweck um Computer vum Benotzer ugeluecht gouf. Si enthale virun allem den Numm vum Server, deen e geschriwwen huet, en Identifizéierer a Form vun enger eendeiteger Nummer an e Verfallsdatum. Den eendeitegen Identifizéierer erlaabt dem Site, de Computer vum Benotzer bei all Besuch ze erkennen. Sessiouns-Cookië gi vum Benotzer sengem Computer geläscht, wa seng Sessioun erëm zou ass. Persistent Cookië bleiwen awer bis ee Mount nom Enn vun der Sessioun um Computer vum Benotzer.

De Benotzer kann entscheeden, ob de Webserver vun dësem Site autoriséiert ass, Cookien op sengem Computer ze späicheren. Hie kann zu all Moment d’Optioune vu sengem Browser upassen, fir datt Cookien net akzeptéiert a gespäichert ginn. Ausserdeem kann hien zu all Moment iwwer de Browser scho gespäichert Cookië läschen.

D’Benotzung vu bestëmmte Funktioune vum Site ka limitéiert oder behënnert ginn, wann de Benotzer Cookië vum Site refuséiert. Dofir gëtt dem Benotzer recommandéiert, säi Browser unzepassen, esou datt Cookië vum Site akzeptéiert ginn.

2. Eis Cookien

Mir benotze Cookië fir déi statistesch Analyse vum Trafick um Site. De Cookie gëtt vun Adobe Analytics gesat. Adobe Analytics ass en Drëttpartei-Produkt, dat an Europa gehost gëtt a mat der europäescher Gesetzgebung fir Dateschutz konform ass.

Et erlaabt eis, d’Zuel vun de Visiteuren ze zielen, Informatiounen ze sammelen, wéi eise Site benotzt gëtt (z. B.: meescht gekuckte Säiten, Besuchszäit asw.).

Esou kënne mir eise Site optiméieren, fir Iech e besseren Zougang zur Informatioun ze garantéieren.

Mir weisen drop hin, datt mir keng Reklammecookië benotzen.

3. Wéi desaktivéiert ee Cookien?

Dir kënnt Cookien zu all Moment desaktivéieren.

Wann Dir d’Cookien, déi op Ärem Terminal gespäichert sinn, läsche wëllt an Äre Browser konfiguréiert, fir se ze refuséieren, kënnt Dir dat iwwer d’Astellunge vun Ärem Internetbrowser maachen.

Dës Browseroptioune fir Cookië fënnt een normalerweis an den „Optiounen“, „Tools“ oder „Preferences“-Menüe vum Browser, deen Dir benotzt, fir op dëse Site ze kommen.

Jee no Browser kann et sinn, datt ënnerschiddlech Methode benotzt ginn, fir Cookien auszeschalten.

Méi Informatioune fannt Dir op de Links hei ënnendrënner:

Mir weisen drop hin, datt Dir, och wann Dir vun Ärem Internetbrowser d’Späichere vu Cookien op Ärem Terminal refuséiert, nach ëmmer op dësem Site surfe kënnt.