Tipps fir Är Kommunikatioun
Dir wëllt Lëtzebuerg promovéieren? Mir sinn do, fir Iech dobäi ze ënnerstëtzen!
Zéckt net a schreift ons op info.imagedemarque@eco.etat.lu.
Mir beroden Iech gär, sief et um Niveau vun de Messagen oder um Niveau vun de Supporten.
Dir fannt hei eng Lëscht mat klenge Plussen, fir Är Kommunikatioun méi kreativ, méi inklusiv a méi nohalteg ze gestalten, esou wéi Lëtzebuerg, dat Dir promovéiert.
Supporten
Mir proposéieren Iech hei eng net-exhaustiv Lëscht mat klenge Plusse fir Är Supporten, digital oder op Pabeier, déi Iech hëllefen, Är Kommunikatioun méi kreativ, méi inklusiv a méi nohalteg ze gestalten, esou wéi Lëtzebuerg, dat Dir promovéiert.
WAT FIR EE SUPPORT FIR WAT FIR EE MESSAGE?
Virun all Kommunikatiounsoperatioun gëllt et, d'Besonneschkeete vum Pabeier oder vum Digital ofzeweien, esou wéi hir Complementaritéit mat aneren Tools. D'Liewensdauer vun Ärer Kommunikatiounsaktioun muss och berécksiichtegt ginn, esou wéi de Fait, datt de Choix vum Support eleng schonn e Message fir sech ass.
Kréativitéit
- Et ass besser, Äre Publikum ze beréieren, wéi em just Informatiounen ze ginn. Emotioun, Identifikatioun an Zougehéieregkeetsgefill sinn déi bescht Moyenen, fir Äre Message op laang Siicht ze vermëttelen.
- Dot Iech mat kreative Leit zesummen a valoriséiert se an Ärer Kommunikatioun: Si sinn de liewege Beweis vun der Kreativitéit vu Lëtzebuerg.
- Weist Iech esou innovativ wéi dat, fir dat Dir Reklamm maacht: Nei Technologië wéi QR-Coden, Near Field Communication oder Augmented Reality vermëttelen implizitt Är Kompetenz als digital Natioun.
Diversitéit
- Frot Iech, ob Är Messagen net nëmme verständlech, mee och méiglechst ville Leit zougänglech sinn.
- Berücksichtegt och d’Accessibilitéitsreegelen a gitt iwwer dës Reegelen eraus. Dat eleng ass schonn e Message vun der Oppenheet.
- Denkt drun, Iech un en Atelier protégé fir d’Drécken an d’Verpake vun Ärem Kommunikatiounssupport ze wenden. Dëst huet e positiven Impakt op gesellschaftlechem Niveau an och a punkto Perceptioun vun Ärem Message.
- Erméiglecht Ärem Publikum, mat Iech ze interagéieren: Organiséiert partizipativ Campagnen (z. B. iwwer Projetsopriff oder evenementiell Aspekter, déi den Austausch fërderen) a profitéiert vun den interaktiven Dimensiounen, déi digital Tools bidde kënnen.
Nohaltegkeet
- Anescht wéi ee villäicht mengt, huet och eng digital Léisung en Impakt op d'Ëmwelt. Wousst Dir, datt zum Beispill den Impakt vun engem kuerze Video op de soziale Medien dräimol méi héich ass, wéi dee vun engem Flyer op Pabeier? (Quell: Étude "Impact environnemental des supports de la communication clients")
- Analyséiert de Liewenszyklus vun Ärem Projet: vum Rostoff iwwer d'Transformatioun, d'Fabrikatioun, d'Distributioun an duerno d'Ëmsetzung an d'Verwendung, bis bei d'Valorisatioun oder d'Entsuergung (weider Informatioune fannt Dir am "Kit de transition pour les entreprises" vun IMS Luxembourg).
- Denkt iwwer de Choix vum Pabeier no: recycléiert, niddregt Gewiicht, FSC-zertifizéiert, ouni Chlor gebleecht ... Scho bei der Gestaltung vun der Maquette un d’Ëmwelt denken (Choix vun den Typografien, de Faarwen, dem Dréckraster, dem Schneiden …) an esou de Verbrauch vun Tënt reduzéieren.
- Vergiesst net, d’Enn vum Liewenszyklus vun engem gedréckte Support ze antizipéieren: Wann de Support triéiert an da recycléiert gëtt, kann e valoriséiert ginn an, firwat net, nach eng Kéier am Kader vun Ärer Kommunikatioun benotzt ginn.
- Vergiesst och net, Är Efforte matzedeelen: Den FSC-Label, de Logo vun engem Atelier protégé, d’Zesummenaarbecht mat engem kreative Partner fir eng Produktioun 100 % made in Luxembourg hiewen Är Wäerter an Är Prioritéiten ervir an esou och déi vu Lëtzebuerg.
Evenementer
Mir proposéieren Iech hei eng net-exhaustiv Lëscht mat klenge Plussen, déi Iech hëllefen, Evenementer ze organiséieren, déi dat Lëtzebuerg verkierperen, dat Dir promovéiert.
WAT FIR EEN EVENEMENT FIR WAT FIR EE MESSAGE?
Wéi Är Kommunikatiounsmedie sollten och Är Evenementer eng kreativ, inklusiv an nohalteg Dimensioun hunn, onofhängeg dovun, ob se op der Plaz, digital oder an engem hybride Format ofgehale ginn.
Kréativitéit
- Aus Gewunnecht, Bequeemlechkeet oder Traditioun associéiere mir dacks e bestëmmten Typ vun Evenement mat enger fester Form oder Struktur, déi jidderengem bekannt ass. Et ass awer esou, datt een duerch d’Ännere vun der Terminologie, der Plaz vum Evenement oder der Associatioun dem Evenement e ganz neie Look ka ginn an esou méi Visiteuren ulackelt.
- Dir wëllt Är Kompetenz als digital Natioun vermëttelen? Weist Iech esou innovativ wéi dat, wat Dir vu Lëtzebuerg presentéiert: Amplaz Argumenter virzedroen, setzt op déi nei Technologien a loosst se mat immersiven Erliefnesser lieweg ginn.
Diversitéit
- Ass Äert Evenement méiglechst ville Mënschen zougänglech? D’Accessibilitéitsreegele berücksichtegen an iwwer dës Reegelen erausgoen, dat ass eleng schonn e Message vun der Oppenheet.
- Denkt drun, Iech un en Atelier protégé fir d’Preparatioun, d’Verpaken an de Catering ze wenden. Dëst huet e positiven Impakt op gesellschaftlechem Niveau an och a punkto Perceptioun vun Ärem Evenement.
- Erméiglecht Ärem Publikum, mat Iech ze interagéieren: Organiséiert partizipativ Evenementer (z. B. andeems Dir Är Invitéë frot, bei der Virbereedung oder dem Oflaf vun der Soirée matzemaachen) a profitéiert vun den interaktiven Dimensiounen, déi digital Tools bidde kënnen.
Nohaltegkeet
- Ëmweltfrëndlech Plazen a Material, Accessibilitéit duerch den ëffentlechen Transport, d’Zesummestellung vum Menü, d’Hierkonft vun de Liewensmëttelen a manner Verschwendung sinn alles Aspekter, déi bei der Gestaltung an an der Kommunikatioun vun Ären Evenementer berücksichtegt sollte ginn.
- Kennt Dir „Green Events“? Fir d’Organisateuren ze ënnerstëtzen, déi sech nohalteg engagéieren, vergëtt de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ökoresponsabel Logoen, an dat a follgende Kategorien: Kommunikatioun & Marketing, Dekoratioun & Material, Mobilitéit, Iessen & Gedrénks, Offall, Waasser & Sanitär, Energie, ekologescht Engagement. Méi Info op : greenevents.lu.
- Vergiesst och net, Är Efforte matzedeelen: Äert Engagement fir eng méi nohalteg Welt ass e Message, dee vill iwwer d’Wäerter an d’Prioritéite vu Lëtzebuerg ausseet.
Produiten
Kennt Dir d’LuXembourg Collection? Entdeckt hir Prinzippien an applizéiert se fir Äre eege Produktioun vu Promotiounsartikelen.
WAT FIR E PRODUIT FIR WAT FIR E MESSAGE?
D’LuXembourg Collection spigelt déi Prioritéiten erëm, déi Lëtzebuerg verkierpere wëll, a soll sech zu enger Sammlung entwéckelen, déi duerch e Storytelling eis Prioritéiten, dat heescht Kreativitéit, Diversitéit an Nohaltegkeet, ervirhieft. Sief et fir d’Acquisitioun vun engem Artikel aus der LuXembourg Collection oder fir d’Gestalte vun Ären eegene Promotiounsartikelen, hei fannt Dir eng net komplett Lëscht mat klenge Plussen, fir datt Är Kaddoen esou gutt ewéi méiglech dat Lëtzebuerg representéieren, dat Dir promovéiert.
Kréativitéit
- Am Aklang mat eisem Zil, „d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg bekannt maachen“, gräife mir op Produzenten, Handwierker a Kënschtler aus Lëtzebuerg zeréck, fir de Lëtzebuerger Knowhow an der Welt bekannt ze maachen.
- Mir encouragéiere si, eis Artikelen, Formater a Konzepter, déi d’Land illustréieren an erzielen, ze proposéieren. D’Promotioun vum Image vu Lëtzebuerg war vun Ufank un eng partizipativ Initiativ an ass et ëmmer nach, wat d’Elaboratioun vun den ausgewielten Artikelen a Produkter betrëfft.
- Iwwer e Storytelling versiche mir, d’Kreativitéit vum Land ze valoriséieren, andeems mir d’Produzenten an d’Designer hannert de Produite virstellen. Iwwer Texter a Fotoen, déi d’Fraen an d’Männer portraitéieren, déi d’Artikele vun der LuXembourg Collection ausgeduecht, kreéiert a fabrizéiert hunn, hiewe mir d’Wäerter an och d’Gesiichter vum Land ervir.
- Iwwert e QR-Code (oder en NFC-Chip) um Artikel wëlle mir erreechen, datt all Keefer op eng Geschicht oder e Message, déi oder deen den Artikel kontextualiséiert, zougräife kann.
Diversitéit
- Déi inklusiv Dimensioun ass essenziell fir d’Entwécklung vun der LuXembourg Collection. Esou wäit wéi méiglech versiche mir, op Betriber aus der Solidarwirtschaft zeréckzegräifen (Atelier-protégéen, Fondatiounen, Betriber mat gesellschaftlechem Impakt) fir d’Gestaltung, d’Realisatioun oder d’Verpake vun eisen Artikelen.
- Andeems mir d’Leit opruffen, sech ze bedeelegen oder bei Projete matzemaachen, wëlle mir dat kreatiivt Potenzial vun all Eenzelen entwéckelen a méiglechst vill Acteuren erreechen, sief et Hiersteller vu „Made in Luxembourg“-Produiten oder déijéineg, déi d’Geschicht vum Lien tëscht Lëtzebuerg an engem Partnerland erzielen (a Bezuch op d’Ekonomie, d’Zesummenaarbecht oder d’Kultur).
- Mir sinn immens houfreg, eis inklusiv Approche ervirzehiewen: Net nëmme well se e positiven Impakt op gesellschaftlechem Niveau huet, mee och well se d’Kohärenz vun de Messagen, déi mir vermëttelen, garantéiert.
Nohaltegkeet
- D’LuXembourg Collection leet den Akzent virun allem op d’lokal Produktioun, fir esou den ökologesche Foussofdrock ze reduzéieren an zur Promotioun vum lokalen Knowhow bäizedroen.
- Fir eis sti Produite mat engem Öko-Label un éischter Plaz, nohalteg Produiten, déi méi dacks kënne benotzt ginn, déi energieeffizient sinn oder kënnen nogefëllt ginn, déi um Enn vun hirem Liewenszyklus biodegradabel oder recyclabel sinn an och recycléiert Materialien.
- Mir beméien eis, Offall (virun allem wat d’Verpackunge betrëfft) esou wäit et geet ze evitéieren an eng minimal Verpackung ze promovéieren.
- Mir beméien eis, en Inventaire vun de Ressourcen, de Materialien an den Hiersteller zu Lëtzebuerg ze maachen, a probéieren ëmmer, nei Produiten ze fannen, déi eisen Nohaltegkeetskrittären entspriechen.