Messagen

Zil

Fir déi positiv Perceptioun ze verstäerken, fir eventuell Virurteeler ze iwwerwannen oder einfach fir engem déi éischte Kéier Lëtzebuerg virzestellen: Loosst eis d’Land besser kenne léieren, andeems mir seng Authentizitéit, seng Dräidimensionalitéit, seng Geschicht, säi Patrimoine, seng Wäerter an dofir och d’Aktiounen an d’Leit, déi se verkierperen, ervirhiewen.

Fotoe mat verschiddene Persounen, déi illustréiert, wéi villfälteg a multikulturell d'Populatioun vu Lëtzebuerg ass
©LMIH/Rick Tonizzo
D’ZIL ASS, DATT D’LEIT D’WÄERTER AN D’GESIICHTER VU LËTZEBUERG KENNEN A SCHÄTZE LÉIEREN

Visioun

Eis Visioun hieft dat ervir, wat Lëtzebuerg, iwwer seng Interessen eraus, der Welt brénge kann.

Foto vun der rouder Bréck an dem Quartier vum Kierchbierg
©LMIH/AlfonsoSalgueiro
DEM LAND SENG POSITIOUN ALS ENGAGÉIERTEN ACTEUR OP DER INTERNATIONALER BÜN, ALS STAARKEN ALLIÉIERTEN AM KONTEXT VUM NOHALTEGE WUESSTEM, ALS FACILITATEUR VUN INNOVATIVEN IDDIEN, DÉI ZU ENGER BESSERER WELT BÄIDROE KËNNEN, ZE CONSOLIDÉIEREN.

Wäerter

Wat mir sinn

Am Kader vun engem breet ugeluechte partizipative Prozess, deen tëscht 2014 an 2015 stattfonnt huet, koum et zu enger Reflexioun iwwer d’Stäerkte vu Lëtzebuerg, déi eng Duerstellung vun de Qualitéite vun eisem Land – déi eis Referenzwäerter gi sinn – erméiglecht huet. Dës kënnen an dräi Wierder zesummegefaasst ginn: dynamesch, oppen an zouverlässeg.

Dynamesch

Lëtzebuerg huet sech am Laf senger Geschicht ëmmer erëm nei erfonnt. Vun engem Agrarland gouf et eng Industriemuecht, duerno eng Gesellschaft vun Déngschtleeschtungen. Haut engagéiert d'Land sech mat Iwwerzeegung fir Zukunftssecteure wéi d'Fuerschung, déi digital Technologien a de Weltraumsecteur. Et manifestéiert dee selwechten Dynamismus an der Kultur, an de kreativen Industrien, der Initiativ vun der Solidaritéitswirtschaft wéi och an der Kreeslafwirtschaft.

©LMIH/Frank Muno

Oppen

D’Ëffnung no baussen ass e Schlësselelement vum Lëtzebuerger Gesellschaftsmodell. Lëtzebuerg huet sech ëmmer fir e vereenegt an oppent Europa agesat, dat sech duerch Toleranz a Solidaritéit auszeechent. D’Entwécklungszesummenaarbecht ass ee vun de Piliere vu senger Aussepolitik. Als kosmopolitesch Kräizung am Zentrum vun Europa ass Lëtzebuerg en internationalen Treffpunkt, e richtege Schmelztiegel vun Nationalitéiten, Kulturen a Sproochen.

Place de la Commission Européenne, Ouverture ©LMIH/Alfonso Salgueiro

Zouverlässeg

Lëtzebuerg ass en Acteur, op deen ee vertraue kann: e wirtschaftlech a politesch stabilt Land, wou et sech gutt liewe léisst. Dëst weist sech och an der Qualitéit vun den ëffentlechen Infrastrukturen, dem Gesondheets- a Sozialversécherungssystem an dem Ëmweltpatrimoine. D’Stabilitéit spigelt sech an der Mentalitéit vu senge Bierger erëm. Déi schätzen hir Traditiounen, kultivéieren de Konsens a favoriséieren nohalteg Léisungen.

©LCTO

Dës dräi Referenzwäerter maachen d’Wiese vun eisem Land aus, en Alliéierten, en engagéierten Acteur op der internationaler Bün, e staarke Partner am Kader vum nohaltege Wuesstem, e Facilitateur vun innovativen Iddien, déi zu enger besserer Welt bäidroe kënnen.

Prioritéiten

Wat mir wëllen

Op Basis vun dëse Referenzwäerter – wat mir sinn – goufen 2021 dräi prioritär Theemen definéiert – wat mir wëllen –, fir der Welt ze weisen, wéi ee Wee Lëtzebuerg wëll goen an a wéi eng Ressourcen d’Land an deenen nächste Jore secteuriwwergräifend investéiert.

Dës dräi prioritär Theeme sinn d’Kreativitéit, d’Diversitéit an d’Nohaltegkeet.

Kreativitéit

Kreativitéit baséiert um Wäert „dynamesch“ an dat weist sech an der dynamescher Entwécklung vun der Wirtschaft an der Gesellschaft, am Opkomme vun neie Secteure wéi Fuerschung an Innovatioun engersäits an anerersäits an der Fäegkeet vu Lëtzebuerg, sech stänneg nei ze erfannen.

Donieft schléisst d’Kreativitéit e wichtege Secteur mat an, dee reellt Potenzial fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland duerstellt, an zwar dee vun der Kultur an der Kreativwirtschaft.

©LMIH/Sabino Parente
Diversitéit

Diversitéit baséiert um Wäert „oppen“ a fënnt sech an zwee Beräicher erëm, déi fir d’Evolutioun vu Lëtzebuerg charakteristesch sinn. Engersäits ass dat d’Diversifikatioun vu sengen Aktivitéitssecteuren, Déngschtleeschtungen a Produite mat de wirtschaftlechen a finanziellen Auswierkungen.

Op där anerer Säit geet et ëm d’Diversitéit vun der Bevëlkerung, d’Konzept vum Zesummeliewen, d’sozial Kohäsioun an de Prinzip vun der Inklusioun mam Zil, deem Eenzelen Uschloss ze bidden an dozou bäizedroen, datt jiddereen déi selwecht Chancen a Rechter garantéiert kritt, onofhängeg vu senger eethnescher Hierkonft, senger kultureller oder reliéiser Zougehéieregkeet, sengem soziale Status, sengem Alter, senger sexueller Orientéierung, senger Gesondheet oder senger Behënnerung.

©Pit Reding
Nohaltegkeet

De Wäert „zouverlässeg“ fënnt sech an der Nohaltegkeet erëm, der Haaptprioritéit vu Lëtzebuerg. Si gëllt fir all Secteur, vun der Kooperatioun bis zu de Finanzen an der Verdeedegung. Si reflektéiert och den Engagement vun eisem Land, fir op eng konkreet Manéier dozou bäizedroen, datt déi 17 nohalteg Entwécklungsziler, déi vun den 193 Memberstaate vun der UNO festgeluecht an an der Agenda 2030 verankert goufen, erreecht ginn.

©LMIH/Alfonso Salgueiro

Narrativ

Wéi erzielt een eis Geschicht am Beschten?

Den Narrativ gouf entworf als Presentatioun, déi et erlaabt, all d’Acteure vun der Promotioun vu Lëtzebuerg mateneen ze verbannen a jidderengem genuch Plaz fir seng eege sektoriell Spezifizitéiten ze loossen. En erméiglecht et, d’Geschicht vu Lëtzebuerg am Liicht vu senge Wäerter a Prioritéiten ze erzielen.

Als e Lien tëscht gëschter a muer ass den Narrativ déif an eiser Kultur an an eiser Geschicht verwuerzelt a gëtt eis d’Méiglechkeet, déi verschidde Charakteristike vun eiser Identitéit mateneen ze verbannen an eis Zukunftsvisioun auszedrécken.


E berout also och direkt op eisen dräi Prioritéiten:

D’Noutwendegkeet vun engem authentesche Positionnement, d’Wichtegkeet vu Soft Factors wéi Connectivitéit, Sproochen, Schoulen, Aktivitéiten asw., déi d’Land bitt, den Afloss vun der Geschicht op d’Entwécklung vun eiser Identitéit an déi grouss aktuell gesellschaftlech an ëmweltpolitesch Froen hunn eis dozou beweegt, dësen Narrativ op Basis vum Ursprong an der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung ze entwéckelen. Eppes, wat Lëtzebuerg schonn ëmmer charakteriséiert huet, ass seng Verbonnenheet mam Buedem …

Foto vun engem Feld zu Lëtzebuerg
©SIP John Zeimet

Lëtzebuerg war laang Zäit haaptsächlech e Land vu Baueren a Véiziichter. Si hunn hir Betriber ënner schwieregen, dacks prekäre Konditioune misse leeden an dobäi eng ganz spezifesch Approche entwéckelt: eng Mëschung aus Pragmatismus an Upassungsverméigen, déi mir d’Approche vum Cultivateur nennen.

Et ass dank dëser Approche an duerch seng Reaktiounsfäegkeet a Flexibilitéit, datt d’Land sech e puermol a senger Geschicht nei erfanne konnt an net gezéckt huet, fir sech fir d’Immigratioun opzemaachen, sech ze entwéckelen a méi staark ze ginn.

Lëtzebuerg ass also e Land vun der Kultur a vun de Kulture ginn. D’Approche vum Cultivateur (op Englesch: the grower’s mindset), déi haut nach zu Lëtzebuerg gëllt, kann also an engem Grondgedanken zesummegefaasst ginn:

ZU LËTZEBUERG SINN ALL D’KONDITIOUNEN ERFËLLT, FIR DATT ENG PERSOUN, E PROJET ODER E BETRIB HEI WUERZELE SCHLOEN A SECH NOHALTEG ENTWÉCKELE KANN.

Am Zesummenhang mat eisen dräi identifizéierte Prioritéite bedeit d’Approche vum Cultivateur, datt Lëtzebuerg e Land ass, dat villes erméiglecht:

Kreativitéit

  • Iddien a Projeten uplanzen a wuessen dinn
  • Virstellen an ëmsetzen
  • Sech austauschen a léieren
  • Innovatiouns- an Entreprenergeescht

Diversitéit

  • Iwwer d'Monokultur erausgoen
  • Sech fir aner Kulturen opmaachen
  • Diversitéit als Credo ëmsetzen
  • Aktivitéiten, Netzwierker, Renconteren diversifizéieren

Nohaltegkeet

  • Méi ewéi eng Saison dauere loossen
  • Virausgesinn a laangfristeg plangen
  • Un zukünfteg Generatiounen denken
  • Eng Visioun fir d’Zukunft hunn

Ofhängeg vun de secteurspezifesche Besoine kann dësen Narrativ och modulär benotzt ginn, woubäi ee Modul op d’Vergaangenheet, een op d’Géigewaart an een op d’Zukunft ausgeriicht ass. Als Hëllef hei e puer Aspekter, déi ee jee no gewënschtem Zäitraum, entwéckele kann:

Vergaangenheet

  • D’Land vun der Kultur
  • D'Geschicht an de Patrimoine
  • E Land vu Baueren
  • D’Plaz vu gemeinsamer Kultur
  • De Buedem, d’Stolindustrie, d’Finanze, d’Diversifikatioun
  • D’Fäegkeet, fir sech stänneg nei ze erfannen
  • D’Fäegkeet, fir sech stänneg nei ze erfannen

Géigewaart

  • D’Land vun de gemeinsame Kulturen
  • D’Kreativitéit vun de Secteuren a Servicer
  • Den Entrepreneursgeescht
  • D’Diversitéit vun den Acteuren am Land
  • De Multikulturalismus an d'sozial Kohäsioun
  • De verantwortlechen a solidareschen Acteur op der internationaler Bün
  • Den Iwwergang zu enger nohalteger Welt

Zukunft

  • D’Visioun vun der Widderstandsfäegkeet
  • Geliefte Solidaritéit um Virmarsch
  • D'Innovatioun am Déngscht vum kollektive Wuelstand
  • De Modell vun enger inklusiver an egalitärer Gesellschaft
  • De Facilitateur vun innovativen Iddie fir eng besser Welt

Expressiounen

D'Verb kultivéieren a säin engleschen Equivalent grow illustréieren d’Approche vum Cultivateur am beschten an erméiglechen Declinaisounen, déi de ganze Spektrum vun Argumenter aus de verschiddene Secteure vun der Promotioun vu Lëtzebuerg ofdecken.

WUESSEN

KULTIVÉIEREN

ARGUMENTER

  • To grow ideas
  • Iddie kultivéieren
  • Dreem kultivéieren
  • Innovatioun kultivéieren

Inkubator vu Start-ups
Fuerschung & Innovatioun
Soziale Fortschrëtt

  • To grow projects
  • Projete kultivéieren
  • Nohaltegkeet kultivéieren
  • Resilienz kultivéieren

Nohalteg wirtschaftlech, sozial an humanitär Entwécklung

  • To grow from
  • Netzwierker kultivéieren
  • Aktiounsfelder kultivéieren
  • Felder vun de Méiglechkeete kultivéieren

Lëtzebuerg als Basis fir d'Entwécklung an Europa oder an der Welt

  • To grow together
  • De Lien kultivéieren
  • Diversitéit kultivéieren
  • Zesummeliewe kultivéieren

Inclusioun, Integratioun, Entwécklung, sozial Kohäsioun, Zesummeliewen

  • To grow up
  • E Liewensstil kultivéieren
  • Eng Liewensart kultivéieren
  • Gléck kultivéieren

Liewensqualitéit
Schouloffer
Qualitéit vun der Infrastruktur
Aktivitéiten, Natur, Sécherheet, Stabilitéit

  • To grow better
  • Wäerter kultivéieren
  • Eng besser Welt kultivéieren

En engagéierten Acteur op der internationaler Bün
E staarken Alliéierten am Kontext vum nohaltege Wuesstem
E Facilitateur vun innovativen Iddien, déi zu enger besserer Welt bäidroe kënnen

Hei ass ze betounen, datt et ëmmer ëm e verstännegen an nohaltege Wuesstem geet, am Aklang mat de Grondsätz, déi am Kapitel ZIL stinn.

Sloganen

D’Approche vum Cultivateur – op Englesch: the grower’s mindset – gëtt hei an enger net exhaustiver Lëscht vu Sloganen duergestallt, déi als Propose fir Titelen, Ënnertitelen an Ophänkerte fir Äert Promotiounsmaterial vu Lëtzebuerg dénge kënnen.

ENGLESCH

Farmers then.
Innovators now.
Growers always.
Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Fresh air.
Fresh ideas.
Fresh start.
Luxembourg.
all Secteuren zesummen

_______ grows here
Imagine it. Cultivate it. Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Luxembourg.
Where good things grow.
all Secteure kombinéiert

Growing good.
Living well.
Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Luxembourg.
Grown with care.
all Secteure kombinéiert

Something new,
grown by you,
Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Luxembourg. Where will
you grow from here?
Wirtschaft, Finanzen, Fuerschung

Luxembourg.
Sustaining creativity.
Creating sustainability.
all Secteure kombinéiert

Grown by you.
Sustained by Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Luxembourg.
Cultivating today.
Caring for tomorrow.
Wirtschaft, Finanzen, Fuerschung

Luxembourg.
A grower’s culture.
A cultural capital.
Kultur, Tourismus

FRANSÉISCH

Luxembourg.
Demain se cultive ici.
all Secteure kombinéiert

Luxembourg.
Planteur d’idées.
Cultivateur de durabilité.
all Secteure kombinéiert

Cultivateur d’idées.
Producteur d’imagination.
Fondateur d’optimisme.
Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Terre de culture.
Terre des cultures.
Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Planter des idées.
Faire naître vos projets.
Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Se dépayser.
Se cultiver.
Se retrouver.
Luxembourg.
Tourismus, Kultur

Incubateur d’idées.
Cultivateur de sens.
Luxembourg.
Kultur, Fuerschung

Ensemble, cultivons un monde meilleur.
Luxembourg.
all Secteure kombinéiert

Mise au vert.
Mise en culture.
Mise en oeuvre.
Luxembourg.
Tourismus, Kultur

Luxembourg.
La culture du lien.
Integratioun, Diversitéit

Luxembourg
Là où vivre ensemble se cultive.
Integratioun Diversitéit

Incubateur de plaisir.
Cultivateur de sens.
Luxembourg.
Tourismus, Kultur

Wëllt dir méi Informatiounen iwwert de Gebrauch an d’Exklusivitéit vun dëse Slogane ?

Kontaktéiert eis.