Visuellen Universum

Aféierung

Aféierung

Eng Signatur ass eemoleg

Et sinn d’Geschichten an d’Perséinlechkeete vu sengen Awunner esouwéi d’Entwécklung vu senger Gesellschaft, déi de spezielle Charakter vu Lëtzebuerg ausmaachen. Op Basis vun Ëmfroen, individuellen Interviewen, Diskussionsronnen an Debatten, awer och vun direkte Bäiträg vum Public, goufen d’Stäerkte vu Lëtzebuerg identifizéiert. Dës weise sech op där enger Säit duerch dräi fundamental Wäerter  – nämlech Zouverlässegkeet, Dynamik an Oppenheet – an op där anerer Säit duerch d’Perséinlechkeet vum Alliéierten, déi un déi vu Lëtzebuerg erënnert.

 

Visuell Ëmsetzung vum Profil vum Land

An enger participativer Approche gouf 2016 déi visuell Identitéit vu Lëtzebuerg geschaaft, déi et erlaabt, de Profil vum Land a Biller mat Symboler auszedrécken. Als zentraalt Element stellt d’Symbol X de besonnesche Charakter vu Lëtzebuerg duer:

Dynamesch

Oppen

Zouverlässeg

Zesummen

Symbol X

D’Symbol X ënnersträicht d’Lëtzebuerger Wäerter a Prioritéiten:

  • d’Dynamik, mat där Lëtzebuerg Projeten ugeet, d’Kreativitéit vun de Secteuren undreift an d’Innovatioun fërdert, andeems et sech stänneg erneiert;
  • d’Oppenheet, mat där Lëtzebuerg Leit aus alle Beräicher vum Liewe verbënnt a vereent, d’Diversitéit fërdert a sech fir en humanistescht Europa asetzt;
  • d’Zouverlässegkeet vun de resultéierende Bezéiungen an Allianzen, déi doraus ervirginn, d’Nohaltegkeet vu sengen Handlungen a vu senger Visioun fir eng besser Welt, iwwer seng national Interessen eraus.

D’Signatur vu Lëtzebuerg

Aus engem breede participative Prozess eraus enstanen, begleet d’Signatur vu Lëtzebuerg elo d’Presentatioun vum Land um internationale Plang:

Logo vu Luxembourg, Let’s Make It Happen

D’Signatur vu Lëtzebuerg besteet aus dem Logotyp LuXembourg – d’Wuert Lëtzebuerg mam Symbol X – an aus der Invitatioun Let’s Make It Happen.

Eng nohalteg Mark

An dësem Kapitel beschreiwe mir déi grafesch Reegele fir d’Benotze vun der Signatur vu Lëtzebuerg an hire grafeschen Elementer. D’Zil vun de follgende grafesche Reegelen ass et, fir eng kohärent Presentatioun vun der Mark LuXembourg ze garantéieren an doduerch e groussen Erkennungswäert ze sécheren. Dëst ass nëmme méiglech, wann all d’Konzeptiounsreegelen agehale ginn.

Fir d’Nohaltegkeet vun der Lëtzebuerger Signatur iwwer d’Zäit ze garantéieren – d’Mark ass international registréiert – ass et wichteg, d’Signatur am Kontext vun der internationaler Promotioun vu Lëtzebuerg an a Konformitéit mat den definéierte Reegelen ze benotzen:

  • D’Benotz vun der Signatur muss virun allem der Promotioun vu Lëtzebuerg déngen an net där vun engem Produit, engem Service, enger Firma oder enger Mark;
  • se kann nëmmen an engem Kontext mat groussem Potenzial fir international Visibilitéit an/oder fir d’Ervirhiewe vun de Wäerter vu Lëtzebuerg benotzt ginn;
  • ausserdeem muss de Kontext de prioritären Theeme vu Lëtzebuerg (Kreativitéit, Diversitéit, Nohaltegkeet) entspriechen

Fir d’Konsistenz beim Notz vun der Signatur vu Lëtzebuerg an hire grafeschen Elementer ze garantéieren, muss all Ufro, fir d’Signatur däerfen ze benotzen, am Viraus vun eise Servicer validéiert ginn.

Co-Branding

D’Benotze vun der d’Signatur vu Lëtzebuerg vu ganz ville Partner als Deel vun der Promotioun vun eisem Land erméiglecht et, de Lëtzebuerger Marken Image iwwer eis Grenzen eraus ze stäerken.

Et sief awer drop higewisen, datt d’Signatur vu Lëtzebuerg och ënner bestëmmte Viraussetzungen a Form vu Co-Branding ka benotzt ginn, dat heescht a Verbindung mat enger oder méi visuellen Identitéiten vun engem oder méi Partner. Fir d’Grafikreegelen ze consultéieren an eis Äre Co-Branding-Projet ze presentéieren, invitéiere mir Iech, den Tool ze benotzen.

Als offiziell Representatioun vu Lëtzebuerg hutt Dir d’Méiglechkeet, d’Signatur vu Lëtzebuerg eleng (kuckt d’Charte graphique) oder am Co-Branding mat Ärer eegener visueller Identitéit ze benotzen (Roude Léiw vun der Regierung). D’Signatur vu Lëtzebuerg an déi visuell Identitéit vun der Regierung däerfen am Fall vun engem Co-Branding net op där selwechter Säit vun engem Support sinn. Dat heescht, datt déi zwee Elementer mussen op eendeiteg verschiddene Säite vun engem Support stoen (ewéi z. B. déi viischt Säit an d’Récksäit vun engem Depliant). Dir fannt d’Reegele fir d’Benotze vun der Signatur am Co-Branding op de Fichen, déi Dir hei ënnendrënner kënnt eroflueden.

Konditioune fir d’Benotze vum Logo „Luxembourg – Let’s make it happen“ a vum Logo vun der Lëtzebuerger Regierung” op deem selwechte Support (franséischen Text)

Charte graphique

Charte graphique – Exemples d’application