Partnerschaften

Plangt Der en Evenement oder e Projet? D’Initiativ Luxembourg – Let’s make it happen freet sech, mat Iech a Form vun engem Partenariat zesummenzeschaffen. Dobäi kann et sech ëm e Kofinanzement handelen, fir Är Kommunikatiounskäschten ze decken, oder ëm d’Bereetstelle vu Material, fir déi international Visibilitéit vun Ärem Projet ze optiméieren.


Ob Eenzelpersoun, Associatioun, Federatioun oder Betrib – mat Ärem Bäitrag kënnt Dir d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg an de Fokus réckelen. Är Iddien, Ziler a Realisatioune sinn authentesch Beispiller fir d’Kreativitéit, d’Diversitéit an d’Nohaltegkeet vun eisem Land.

Partnerschaften hunn all dräi gemeinsam Ziler:

  • D’Wäerter an d’Facettë vu Lëtzebuerg promovéieren
  • Den Knowhow vum Land ervirhiewen
  • D’Mark LuXembourg – Let’s make it happen weltwäit zum Liewen erwächen

ECH WËLL PARTNER GINN

MAT DER SIGNATUR/DE GRAFESCHEN ELEMENTER SCHAFFEN

 

ECH ORGANISÉIEREN EN EVENEMENT/PROJET MAT INTERNATIONALEM AFLOSS

 

ECH WËLL UN DER ENTWÉCKLUNG VUN DER LUXEMBOURG COLLECTION DEEL HUELEN