Allgemeng Konditioune fir d'Benotze vum Site (CGU)

Vu jiddwer Persoun, déi Informatiounen, Dokumenter, Produkter, Software a verschidden Déngschtleeschtungen (zesummegefaasst „Déngschtleeschtungen“ genannt), déi op dësem Site ugebuede ginn, benotzt, gëtt ugeholl, datt se déi allgemeng Konditioune fir d’Benotze vum Site gelies a guttgeheescht huet.

De Website www.LMIH.lu a säi Contenu gi verëffentlecht vum Service „Promotion de l’image de marque“ vum Wirtschaftsministère (am weidere Verlaf de MECO/LMIH) mat Sëtz op der Nr. 19-21, Boulevard Royal, L–2449 Luxembourg, Luxembourg.

De Website gouf konzipéiert, designt an entwéckelt vun der Kommunikatiounsagentur Binsfeld, 14 Place du Parc, L–2313 Luxembourg, Luxembourg.

D’Websäit gouf konzipéiert, entworf an entwéckelt vun der Kommunikatiounsagence Binsfeld, 14, place du Parc, L-2313 Luxembourg, LUXEMBOURG.

Sollten Iech Anomalien oder Problemer opfalen op dësem Site, dann informéiert wgl. binsfeld: info@binsfeld.lu.

De Site gëtt zu Lëtzebuerg gehost vu Luxhosting Networks S.à r.l.

Duerch d’Weiderliesen akzeptéiert de Benotzer ouni Virbehalt déi follgend Konditiounen.

Verflichtunge vum Benotzer

Den Zougang zum Website geet iwwer Internet. De Benotzer erkläert, datt e sech de Risike bewosst ass a se akzeptéiert. De Benotzer muss sech selwer géint d’Follge vu Computerpiraterie schützen, andeems e säi Computer adäquat a sécher konfiguréiert.

De MECO/LMIH kann net responsabel gemaach gi fir iergendwelleche Schued, dee fir de Benotzer direkt oder indirekt kéint doduerch entstoen, datt en dëse Site besicht, dorop surft an Déngschtleeschtunge vun dësem Site an Usproch hëlt resp. Websäite besicht, op déi de Site verweist.

D’Benotzung vum Site ass gratis.

Allgemeng Haftungsbeschränkungen

De MECO/LMIH mécht säi Bescht, fir eng maximal Disponibilitéit vum Site ze garantéieren. E kann awer net responsabel dofir gemaach ginn, wann de Site temporär oder guer net disponibel ass.

De MECO/LMIH assuréiert sou wäit et geet d’Sécherheet vum Computersysteem. E kann awer net responsabel dofir gemaach ginn, wann de Computersysteem attackéiert gëtt oder de Site temporär oder guer net accessibel ass.

De MECO/LMIH behält sech d’Recht vir, dem Benotzer zu all Moment an ouni e virdrun driwwer ze informéieren den Accès op de Site ze verweigeren.

Ännerung vum Website

De MECO/LMIH behält sech d’Recht vir, dëse Site weiderzeentwéckelen, ze veränneren resp. de Betrib vum Website ze ënnerbriechen, ouni dat virdru matzedeelen, fir Maintenance-Aarbechten, Aktualiséierungen oder all anere Grond, deen de MECO/LMIH fir noutwenneg hält.

De MECO/LMIH kann zu all Moment all oder en Deel vun den Informatiounen a Servicer, déi op dësem Website sinn oder ugebuede ginn, zeréckzéien, ergänzen, komplettéieren oder preziséieren. De MECO/LMIH iwwerhëlt keng Responsabilitéit fir direkt oder indirekt Schied am Zesummenhang mat esou Ännerungen.

Link op aner Websites

Fir de Benotzer den Zougang ze vereinfachen, kann dëse Website Linken op aner Websitten enthalen, déi fir si interessant oder vun Notze kéinte sinn. De MECO/LMIH iwwerpréift net systematesch de Contenu vun dëse Websitten. En iwwerhëlt duerfir keng Responsabilitéit  fir de Contenu vun dëse Websitten, weeder wat d’Legalitéit nach d’Richtegkeet vun den Informatiounen op dëse Sitte betrëfft.

Ännerung vun den allgemengen Notzungsbedéngungen

Dës allgemeng Notzungsbedéngunge kënnen zu all Moment verännert oder komplettéiert ginn, ouni dat virdru matzedeelen, jee no den Ännerungen, déi um Site virgeholl goufen, der Evolutioun vun de Gesetzer oder aus all anerem Grond, deen als noutwenneg ugesi gëtt. Et ass um Benotzer, sech iwwer déi allgemeng Notzungsbedéngunge vum Site ze informéieren, vun deene just déi aktualiséiert, online zougänglech Versioun gëllt. Et ass méiglech, datt tëscht zwou Benotzunge vum Site déi allgemeng oder besonnesch Notzungsbedéngunge geännert goufen. Et läit dohier an der Verantwortung vum Benotzer, se virun all Benotzung genee ze liesen.

Haftungsbeschränkunge vum Site

D’Haftung vum Site gëtt ausdrécklech fir all direkt an indirekt Follgen ausgeschloss:

  • wann et u Kompatibilitéit tëscht dem Service, deen ugebuede gëtt, an dem Ekipement, den Uwendungen, Prozeduren oder Infrastrukturen vum Benotzer oder drëtte Parteien feelt;
  • bei Sécherheetsverletzungen, déi vum Benotzer oder vun drëtte Parteien ausginn, a méi allgemeng fir all Sécherheetsverletzung, déi net direkt op dëse Site zeréckzeféiere ass;
  • fir d’Follge vu Feeler an/oder Bedruch, déi vum Notzer oder enger drëtter Partei begaange goufen;
  • wann elektronesch Kommunikatiounssystemer oder -netzer gestéiert oder net disponibel sinn.

Kontakt

Dir kënnt eis fir weider Informatioune kontaktéiere via info.imagedemarque@eco.etat.lu oder Telefon (+352) 247-72436.

Gëltegt Recht an zoustännegt Geriicht

All Rechtssträit am Zesummenhang mat der Notzung vun dësem Site a senge Servicer ënnerläit de Lëtzebuerger Gesetzer an der ausschliisslecher Zoustännegkeet vun de Geriichter vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.