WAT GESCHITT MAT PERSÉINLECHEN DATEN OP DER WEBSÄIT VU WWW.LMIH.LU?

1. Kontaktinformatioune vum Service „Promotion de l’image de marque“ vum Wirtschaftsministère an dem Responsabele fir den Dateschutz

De Service „Promotion de l’image de marque“ (LMIH) vum Wirtschaftsministère (MECO) sammelt a verschafft perséinlech Daten iwwer Iech („Daten“), dat am Kader vu sengen Aufgaben am ëffentlechen Intressi a senge gesetzleche Verflichtungen. D’Kontaktinformatioune vum MECO/LMIH a senger Eegenschaft als Verantwortleche fir den Dateschutz sinn déi hei:

Ministère de l'économie
Adress: 19-21, Boulevard Royal, L-2449 Luxembourg
Tel.: 247-72436
E-Mail-Adress: info.imagedemarque@eco.etat.lu

Wann Dir Froen doriwwer hutt, wat mat Ären Date beim MECO/LMIH geschitt, da kontaktéiert eis:

2. Kategorië vun Daten, gesetzlech Basis an Zwecker, woufir d’Date benotzt ginn

D’Gesetzlechkeet vun der Datebenotzung

De MECO/LMIH verschafft Är Daten, fir sengen Aufgaben am ëffentlechen Intressi a senge gesetzleche Verflichtungen nozekommen an hält sech dobäi un déi gülteg Gesetzer, wat d’Benotze vun den Date betrëfft, virun allem am Hibléck op den Art. 6 vum Règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil du 27 avril 2016 relatif à la protection des personnes physiques à l'égard du traitement des données à caractère personnel et à la libre circulation de ces données. Déi uewe genannten aner gesetzlech Grondlage bleiwen dovun onberéiert. De MECO/LMIH benotzt déi Daten, deenen Dir zougestëmmt hutt. Dir kënnt dës Zoustëmmung zu all Ament zeréckzéien (dovun onberéiert bleift d’Gesetzméissegkeet vun der Dateveraarbechtung, där Dir zougestëmmt hutt, ier Der dës Zoustëmmung zeréckgezunn hutt). Fir Är Zoustëmmung zeréckzezéien, kontaktéiert eise Responsabele fir den Dateschutz an deelt him mat, fir wéi eng Benotzung vun Ären Daten Dir Är Zoustëmmung zeréckzéie wëllt.

Kategorië vu benotzten Daten

De MECO/LMIH benotzt follgend Kategorië vun Daten:

  • Familljennumm
  • Virnumm
  • Betrib
  • Struktur
  • E-Mail-Adress
  • Telefonsnummer

Zwecker, fir déi d’Date benotzt ginn

Är Date gi fir follgend Zwecker benotzt:

  • Erofluede vun Toolbox-Elementer
  • Erofluede vu grafeschen Elementer
  • Äntwerten op de Kontaktformular

3. Datequellen an hir Empfänger

D’Daten, déi de MECO/LMIH benotzt, stamen aus follgende Quellen:

  • Formular, fir d’Toolbox erofzelueden
  • Kontaktformular

Fir sengen Aufgaben am ëffentlechen Intressi a senge gesetzleche Verflichtungen nozekommen, gëtt de MECO/LMIH Är Daten, och duerch direkten Accès, weider u follgend Kategorië vun Empfänger:

  • Binsfeld, 14 rue du Parc L-2313 Luxembourg, Gestionnaire vum Website.
  • Luxhosting Networks S.à r.l., Luxembourg, Host vum Website.

4. Sammele vun Date vum Betraffenen: obligatoresche Charakter vun der Bereetstellung vun den Daten an d’Konsequenzen, wann dës Daten net bereetgestallt ginn

D’Bereetstelle vun Date vun Ärer Säit fir de MECO/LMIH ass zwéngend noutwenneg (no de gültege Gesetzer resp. duerch Decisioun vum MECO/LMIH). Wann Dir dem MECO/LMHI déi gefroten Daten net gitt, huet dat follgend Auswierkungen:

  • am Zesummenhang mam Erofluede vun Elementer aus der Toolbox: Dir kritt keen Download-Link
  • am Zesummenhang mam Erofluede vun Elementer aus der Toolbox: Dir kritt keen Download-Link
  • am Zesummenhang mam Kontaktformular: Dir kritt keng Äntwert

5. D’Hale vun den Daten

Är Date gi gespäichert an enger Form, déi et erlaabt, Iech fir déi follgend maximal Zäitraim ze identifizéieren:

  • am Zesummenhang mam Erofluede vu grafeschen Elementer: 1 Joer, nodeems Der den Download-Formular kritt hutt;
  • am Zesummenhang mam Erofluede vun Elementer aus der Toolbox: 1 Joer, nodeems Dir den Download-Formular kritt hutt;
  • am Zesummenhang mam Kontaktformular: 3 Méint, nodeems d’Ufro ukomm ass.

Déi hei genannte Periode gëllen, ouni eng méiglech Weiderveraarbechtung fir kompatibel Zwecker, besonnesch fir statistesch oder wëssenschaftlech Fuerschungszwecker oder fir Archivéierungszwecker am ëffentlechen Intressi (virun allem de Stockage duerch d’Nationalarchiven) oder fir d’Zwecker vun enger lafender geriichtlecher Prozedur, ze beanträchtegen.

6. Den Transfer vun Ären Daten an en Drëttland

Är Date gi grondsätzlech bannent dem Europäesche Wirtschaftsraum verschafft. De MECO/LMIH kann Är Daten awer an en Drëttland (d. h. e Land, dat net zum Europäesche Wirtschaftsraum gehéiert) transferéieren. Datentransferen halen sech un déi am Kapitel V vum Règlement (UE) 2016/679 festgeluechte Bedingungen. Weider Informatiounen iwwer méiglech international Transfere vun Ären Date kritt Dir vun eisem Responsabele fir den Dateschutz.

7. D’Rechter vum Betraffenen

Är Rechter sinn am Kapitel III (Artikelen 12 bis 22) vum Règlement (EU) 2016/679 opgeféiert. Dir hutt, am Kader vun de gültege Rechtsvirschrëften, d’Recht op Zougang zu Ären Daten an op eng Kopie vun den Daten, déi Iech betreffen (Artikel 15), d’Recht dorop, datt net korrekt oder onvollstänneg Date korrigéiert ginn (Artikel 16) an d’Recht dorop, datt dës Daten ënner de Konditiounen, déi am Artikel 17 vum genannte Règlement virgesi sinn, geläscht ginn.

Dir hutt och, am Kader vun de gültege Rechtsvirschrëften, d’Recht, ënner de Konditiounen, déi am Artikel 21 vum Règlement (EU) 2016/679 virgesi sinn, Widdersproch dogéint anzeleeën, datt Är Date benotzt ginn.

A bestëmmte Fäll hutt Dir d’Recht drop ze verlaangen, datt d’Benotze vun Ären Daten (Artikel 18) ageschränkt gëtt, an d’Recht drop, engem aneren Zoustännegen Är Daten ze iwwerdroen (Artikel 20).

  • D’Benotze vun Ären Daten zitt keng automatiséiert Entscheedungsprozesser no sech, déi rechtlech Follge fir Iech hätten oder Iech op eng änlech Aart a Weis signifikant kéinte beanträchtegen.

Adresséiert all Matdeelung am Zesummenhang mat enger Fro fir eng Informatioun, enger Reklamatioun oder der Ausübung vun Äre Rechter, wéi de Règlement (EU) 2016/679 et virgesäit, un de Responsabele fir den Dateschutz vum MECO/LMIH.

8. Reklamatioune bei der Nationaler Dateschutzkommissioun (CNPD)

Wann Dir, nodeems Dir eis kontaktéiert hutt, mengt datt d’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën duerch de MECO/LMIH eng Verletzung vum Reglement (EU) 2016/679 ausmécht oder datt Är Rechter ënner dem genannte Reglement net respektéiert ginn, kënnt Dir eng Plainte bei enger Dateschutzkontrollautoritéit maachen, nämlech zu Lëtzebuerg d’Commission Nationale pour la Protection des Données (CNPD) (https://cnpd.public.lu ; 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux; Tel.: (+352) 26 10 60-1).