Partenariater
Am Kader vun eiser Missioun, fir den Image vu Lëtzebuerg am Ausland ze promovéieren, huet eis Ekipp eng Kollektioun vu Produkter zesummegestallt, déi LuXembourg Collection genannt gëtt. Duerch e Choix u suergfälteg ausgewielten Artikele wëlle mir den Knowhow, d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt maachen.
D’Kollektioun besteet haaptsächlech aus Saachen, déi „e Stéck Lëtzebuerg“ duerstellen an als Kaddo geduecht sinn. Momentan gi mir iwwer op eng nohalteg, lokal produzéiert, inklusiv a kontextualiséiert Kollektioun, d. h. mir hiewen d’Gesiichter an d’Wäerter vun all Produkt ervir.
Fir d’LuXembourg Collection ze entwéckelen an ze vermaarten, schaffe mir enk mat lokale Produzenten an Acteure vum Lëtzebuerger Maart zesummen.
PRODUZENT – LUXEMBOURG COLLECTION
Fir d’LuXembourg Collection auszeschaffen, si mir reegelméisseg op der Sich no lokale Produzenten, Handwierker a Kënschtler, déi gewëllt sinn, en interessant Produkt fir d’Kollektioun ze entwéckelen a bereet, si bäizedroen fir de Know-how, d’Wäerter an d’Prioritéiten (Kreativitéit, Diversitéit, Nohaltegkeet) vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt ze maachen.
D’LuXembourg Collection besteet haaptsächlech aus Artikele fir ze verschenken, déi „ e Stéck Lëtzebuerg“ representéieren. Esou kréie Vertrieder vu Ministèren, Ambassaden an LTIOen (Lëtzebuerger Handels- an Investitiounsbüroen) eis Saachen als Kaddoe bei hiren offiziellen Auslandsvisitten. D’Kollektioun ass och geduecht fir Visiteure vu Lëtzebuerg, déi no engem Souvenir sichen. Donieft sinn och d’Awunner vu Lëtzebuerg, déi e representative Kaddo vun hirem Land wëlle maachen, och Deel vun de Cliente vun der LuXembourg Collection. Schlussendlech kann d’Kollektioun och Institutiounen, Firmen oder Associatiounen dengen, déi Lëtzebuerg op internationalen Evenementer promovéiere wëllen.
#ech inspiréiere mech U Beispiller vu Realisatiounen
Symbol X an 3D
#ech inspiréiere mech U Beispiller vu Realisatiounen
Wat sinn
déi nächst
Schrëtt?
-
1Ech gi mäi Projet offir ze validéieren
-
2Ecaluatioun vum Comité vun er Sammlung
-
3Rendez-vous, Dcisioun an Detailer
-
4Let’s make it happen
PRODUZENT – OFGELEET PRODUKTER
Nieft der LuXembourg Collection besteet d’Méiglechkeet, ofgeleet Produkter ze entwéckelen. De Begrëff „ofgeleet“ bezitt sech hei op all kommerziell a Promotiounsprodukt op deem en EmoXie steet. Fir d’Lëscht vun den Emoxies ze consultéieren, klickt hei.
Wéi all aner Artikel an der LuXembourg Collection, muss och all ofgeleet Produkt Deel vun enger lokaler, nohalteger, inklusiver a kontextualiséierter Approche sinn a muss virdru vun eise Servicer validéiert ginn.
#ech inspiréiere mech U Beispiller vu Realisatiounen
Desinfektiounsmëttel Stay Safe
#ech inspiréiere mech U Beispiller vu Realisatiounen
Wat sinn
déi nächst
Schrëtt?
-
1Ech gi mäi Projet offir ze validéieren
-
2Ecaluatioun vum Comité vun er Sammlung
-
3Rendez-vous, Dcisioun an Detailer
-
4Let’s make it happen
VERKEEFER – LUXEMBOURG COLLECTION
D’LUXEMBOURG COLLECTION KANN NËMME VUN OFFIZIELLE PARTNER DISTRIBUÉIERT GINN
Wat sinn
déi nächst
Schrëtt?
Mir komme mat enger Entscheedung op Iech zeréck a maachen, falls néideg, e Rendez-vous mat Iech aus, fir Äre Projet méi genau ze beschwätzen.
-
1ECH GI MÄI PROJET OFFIR ZE VALIDÉIREN
-
2EVALUATIOUN VUM CONSEIL FIR PARTNERSCHAFTEN
-
3RENDEZ-VOUS, DECISIOUN AN DETAILER
-
4LET’S MAKE IT HAPPEN!
NÄCHST TERMIN
Deadline fir Projeten ofzeginn
- 2. JANUAR 2026
- 26. MÄERZ 2026
- 230. ABRELL 2026
Datum vum Conseil fir Partnerschaften
- 16. JANUAR 2026
- 27. MÄERZ 2026
- 22. MEE 2026