Visuellen Universum

Invitatioun

Invitatioun

D’Invitatioun besteet aus dem Satz Let’s make it happen. Si resuméiert selwer d’Visioun vu Lëtzebuerg: déi vun engem engagéierten Acteur op der internationaler Bün, engem staarken Alliéierten am Kader vum nohaltege Wuesstem, engem Facilitateur vun innovativen Iddien, déi zu enger besserer Welt bäidroe kënnen. D’Wuert „it“ erënnert virun allem un alles, wat Lëtzebuerg der Welt wëll bréngen: méi Kreativitéit, méi Diversitéit a méi Nohaltegkeet.

Dir kënnt se ouni de Logo LuXembourg benotzen, als grafescht oder illustrativt Element, an de Faarwe rout, blo, schwaarz oder wäiss.