Visuellen Universum

Symbol X

Symbol X

Symbol X

D’Symbol X ass dat wichtegst Element vun der Signatur vu Lëtzebuerg.

Et ënnersträicht d’Lëtzebuerger Wäerter a Prioritéiten: d’Feiler representéieren d’Dynamik, mat där Lëtzebuerg Projeten ugeet, d’Kreativitéit vun de Secteuren beschleunegt an d’Innovatioun fërdert, andeems et sech stänneg erneiert. D’Orientéierung vun de Feiler no baussen an no banne stellt d’Oppenheet duer, mat där et d’Leit aus alle Beräicher vum Liewen verbënnt a federéiert, d’Diversitéit fërdert a sech fir en humanistescht Europa asetzt. Schlussendlech kreéieren den Equiliber an d’Form eng Positioun, déi Stabilitéit garantéiert an d’Zouverlässegkeet vun de resultéierende Bezéiungen an Allianzen duerstellt, d’Nohaltegkeet vun hiren Handlungen an hirer Visioun fir eng besser Welt, iwwer hir national Interessen eraus.

Struktur

D’Symbol X besteet aus véier bidirektionale Feiler: zwee rouder an zwee bloer, déi e Gläichgewiicht, eng visuell Harmonie an eng Positionéierung fir Stabilitéit duerstellen. Aus dësem Grond kann hir Orientéierung net geännert ginn. De bloe Feil fänkt ëmmer ënne lénks un an hält uewe riets op, während de roude Feil ëmmer uewe lénks ufänkt an ënne riets ophält.

Exklusiounsberäich

Den Exklusiounsberäich ass de Mindestspalt tëscht engersäits dem Symbol X an anerersäits den anere visuellen Elementer esouwéi dem Rand vum benotzbare Raum. Si entsprécht engem Spalt vun „1/3 L“ op all Säit, woubäi e Spalt vun „1L“ de Spalt vum Symbol X an der Mëtt ass. Dëse Mindestsspalt muss agehal ginn, sou datt d’Signatur kloer a liesbar bleift.

Gréissten

D’Symbol X kann net manner wéi 0,3 cm an der Breet hunn. Et gëtt keng Héchstlimit vun der Gréisst.

Positionnement

D’Symbol X kann eleng benotzt ginn, virausgesat datt d’Signatur vu Lëtzebuerg oder en anere Logotyp vun der Markefamill LuXembourg soss anzwousch um selwechte Support sinn.

Faarwen

D’Symbol « X » ass zweefaarweg. Rout a blo am Symbol X representéieren déi national Faarwen. Wa méiglech, soll d’Faarfversioun vum Symbol X op engem wäissen Hannergrond geholl ginn.

Rout
CMYK
c
0
m
100
j
100
n
0
Pantone
485
Ral
3020
RGB
r
227
g
6
b
19
WEB
#
e30613
Blo
CMYK
c
100
m
0
j
0
n
0
Pantone
PROCESS CYAN
Ral
5015
RGB
r
0
g
153
b
255
WEB
#
0099ff

SYMBOL X – SCHWAARZ-WÄISS VERSION

Et ginn awer och zwou Monochrom Varianten: eng wäiss Monochrom an eng schwaarz Monochrom.

MONOCHROM WÄISS

MONOCHROM SCHWAARZ

SYMBOL X – VERSIOUN OP BILD AN HANNERGROND

Op schwaarzen, donkelen, faarwegen Hannergrënn oder op Fotoe kann d’Symbol “X” an enger wäisser Monochrom Versioun oder faarweg benotzt ginn (wann d’Liesbarkeet et erlaabt). Déi schwaarz Monochrom Versioun op wäissem Hannergrond ka benotzt ginn wann technesch Grënn et verlaangen.

FAARWEG OP SCHWAARZEM HANNERGROND

MONOCHROM WÄISS OP BILDHANNERGROND

Verbuede Versiounen

Fir eng konsequent Presentatioun vu Lëtzebuerg am Ausland ze garantéieren, mussen all grafesch Reegelen agehale ginn. Fannt hei ënnen déi verschidde verbuede Versioune vum Gebrauch vum Symbol X:

D’Symbol X kann net an engem Wuert agebonne ginn.

Déi eenzel Elementer vum Symbol X kënnen net an hire Proportioune geännert ginn.

D’Faarwen vum Symbol X kënnen net gewiesselt oder geännert ginn.

Et ass verbueden, Text am Symbol X ze hunn.

D’Symbol X muss ëmmer seng 4 Feiler hunn, wann et eleng benotzt gëtt.

D’Symbol X kann net verzerrt, kompriméiert oder gestreckt ginn.

Keen Text kann op de Symbol X gesat ginn.

Grafesch Effekter vun iergendenger Aart sinn net erlaabt.

D’Symbol X kann net op en Hannergrond gesat ginn, deen net genuch Kontrast bitt.

D’Symbol X kann net als Hannergrond fir eng aner Illustratioun benotzt ginn (mat Ausnam vun eisen emoXien).