Ech sinn … eng national Associatioun Ech wëll … E Logo erstellen
Let’s make it together
Als national Associatioun spillt Dir och eng wesentlech Roll bei der Fërderung vum Lëtzebuerger Markenimage. Eis grafesch Charta gëtt Iech d’Méiglechkeet, en neie Logo op Basis vun de grafeschen Elementer vun der Signatur vu LuXembourg no de festgeluechte Reegelen ze entwéckelen.
Äre Projet schéngt d’Konditiounen net ze erfëllen
LET’S MAKE IT HAPPEN!
Wat wëllt Dir elo maachen?
#Ech konsultéieren
déi erlaabt Declinaisounen
Wéi eng Declinaisoune sinn erlaabt a wéi eng net?
Fir weider Informatiounen, klickt op déi jeeweileg Linken hei ënnen.
En Zweifel? Kontaktéiert eisPRESIDENTSCHAFT / INSTITUTIONELL AKTIOUN
Als engagéierten Acteur a verschiddenen internationalen Allianzen, kënnen d’national Organisatiounen opgeruff ginn, Verantwortung un der Spëtzt vun Allianzen oder Organisatiounen ze iwwerhuelen. Et ass an dësem Zesummenhang datt eng nei visuell Identitéit entworf ka ginn.
PRESIDENTSCHAFT / INSTITUTIONELL AKTIOUN Kohabitatiou mat engem existente Logo
Krittären
- Konstruktioun no engem fixe Grondprinzip
- Virdefinéierte Logo
- Vertikal Kolonn mat 4 Symboler X a rout a blo
- Beschreiwung an 3 Zeilen
- De virdefinéierte Logo däerf esou héich wéi d’Kolonn sinn, déi aus 4 Symboler X besteet
- D’Schrëft vum Logo muss VERLAG a grousse Buschtawe sinn.
- D’Faarwe fir de Logo ze benotze musse schwaarz, rout a blo sinn.
- D’Reiefolleg vun de Faarwen ass fräigestallt.
- Dat vertikaalt Element vum Logo muss d’Wuert „Lëtzebuerg“ enthalen.
- De Logotype LuXembourg kann net am neie Logo agebaut sinn
LABEL
Als staarkt Zeeche vun Unerkennung, dat et méiglech mécht d’Hierkonft oder d’Qualitéit vun engem lëtzebuergesche Produkt oder Service ze erkennen, kann e Label vun enger nationaler Associatioun vergi ginn. An dësem Fall ass et méiglech, e Logo mat de grafeschen Elementer vun der Signatur vu Lëtzebuerg ze entwéckelen.
Krittären
- Label am Zesummenhang mat engem prioritären Thema
- D’Symbol X als zpusätzlecht visuellt Element vum Logo, et ass néideg datt
- d’Symbol X rout a blo ass,
- d’Symbol X isoléiert ass.
- De Logo muss vum verbalen Element dominéiert ginn (Beschreiwung vum Label), d’Wiel vun der Schrëft ass fräigestallt.
- Dëst typographescht Element soll dominant sinn a wesentlech méi grouss wéi d’Symbol X sinn.
- D’Faarwe fir de Logo ze benotze musse schwaarz, rout a blo sinn.
- Dat vertikaalt Element vum Logo muss d’Wuert „Lëtzebuerg“ enthalen.
- De Logotype LuXembourg kann net am neie Logo agebaut sinn.
VISUELL IDENTITÉIT VUN DER ASSOCIATIOUN
Als Nationalassociatioun vertrëtt d’Associatioun an hir Membere Lëtzebuerg op internationalem Plang an an deene verschiddenste Beräicher. Et ass also méiglech, eng visuell Identitéit fir d’Nationalassociatioun am Kader vun der Famill vun der Signatur Lëtzebuerg ze entwéckelen.
#Ech stellen
mäi Projet fir ze validéieren
-
1ECH GI MÄI PROJET OFFIR ZE VALIDÉIREN
-
2EVALUATIOUN VUM COMITÉ VUN DER MARQUE
-
3DECISIOUN AN DETAILER
-
4LET’S MAKE IT HAPPEN!