Ech sinn … eng Privatpersoun Ech wëll … en Evenement oder Projet organiséieren

Let’s make it together

Als Privatpersoun spillt Dir och eng wichteg Roll an der Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage. Et gi verschidde Partnerschaftsméiglechkeeten fir op Evenementer oder Projete mat staarkem internationalen Afloss deelzehuelen.

  • MÄI PROJET DÉNGT VIRUN ALLEM DER PROMOTIOUN VU LËTZEBUERG AN NET DÉI VUN ENGEM PRODUKT, ENGEM SERVICE ODER ENGER MARQUE
  • MÄI PROJET HUET E STAARKE POTENZIAL FIR INTERNATIONAL VISIBILITÉIT AN/ODER STRÄICHT BESONNESCH D’STÄERKT VU LËTZEBUERG ERVIR
  • MÄI PROJET PASST AN DEN 3 PRIORITÄR THEME VU LËTZEBUERG, DAT SI KREATIVITÉIT, DIVERSITÉIT AN NOHALTEGKEET

Äre Projet schéngt d’Konditiounen net ze erfëllen

Mir invitéieren Iech, eis Equipe hei ënnen ze kontaktéieren, fir d’Thema zesummen ze diskutéieren.

LET’S MAKE IT HAPPEN!

Äre Projet entsprécht den dräi wesentleche Viraussetzunge fir Är Demande un de Comité fir Partnerschafte fir d’Promotioun vum Markebild.

Wat wëllt Dir elo maachen?

#ech kucken a lueden erof
déi erlaabt grafesch Elementer

Wéi eng grafesch Elementer kënnt Dir benotzen?
Fir weider Informatiounen, klickt op déi jeeweileg Linken hei ënnen.

D’FAARWEN

D’Signatur ass dräifaarweg. Rout a blo am Symbol X representéieren déi national Faarwen a ginn ergänzt duerch schwaarz fir d’Textelementer.

Consultéiert d’grafesch Charta

D’EMOXIEN

Dës Emojie ginn „ EmoXie “ genannt. Et ass eng Allusioun op den „ X “ vun der Signatur vu Lëtzebuerg. Si bidden Iech d’Méiglechkeet fir Äre Messagen e „ lëtzebuergeschen “ Touch ze ginn esou déi verschidde Facette vum Land spilleresch duerzestellen.

Consultéiert d’grafesch Charta

ECH FROEN PROMOTIOUNSMATERIAL UN

UFRO FIR MATERIAL

Fir Äert Evenement am Kader vun der Promotioun vu Lëtzebuerg anzeschreiwen, kënnt Dir Material ausléinen, andeems Dir aus dem Sortiment vun existentem Promotiounsmaterial auswielt: Béi, Strandfändelen, Banneren, Planen, Roll-ups, asw.

Kuckt dat verfügbart Promotiounsmaterial

ECH BENOTZEN EXISTENT MULTIMEDIA-RESSOURCEN

BENOTZUNG VU MULTIMEDIA-RESSOURCEN

Dir hutt d’Méiglechkeet, fir existent Multimedia-Ressourcen ze benotzen: Fotoen, Videoen a Promotiounsbroschüren, asw.

Kuckt d’Toolbox hei

UFRO FIR ENG KOFINANZÉIERUNG

UFRO FIR ENG FINANZÉIERUNG

Dir hutt d’Méiglechkeet, eng Kofinanzéierung fir d’Organisatioun vun Ärem Evenement oder Projet mat staarkem internationalen Afloss unzefroen. Fir d’Visibilitéit an domat den Impakt a punkto Perceptioun vu Lëtzebuerg ze verstäerken, ass et ganz wichteg, datt dës Kofinanzéierung de d’Kommunikatiounskäschte (Pressebüroen, Kommunikatiounscampagnen, asw.) zougedeelt gëtt.

#Ech stellen
mäi Projet fir ze validéieren

Nodeem mir de Formulaire erhalen hunn, gëtt Är Demande vun eisem Partnerschaftsrot analyséiert an diskutéiert.
Mir komme mat enger Entscheedung op Iech zeréck a maachen, falls néideg, e Rendez-vous mat Iech aus, fir Äre Projet méi genau ze beschwätzen.
  • 1
    ECH GI MÄI PROJET OF
    FIR ZE VALIDÉIREN
  • 2
    EVALUATIOUN VUM COMITÉ FIR PARTNERSCHAFTEN
  • 3
    RENDEZ-VOUS, DECISIOUN AN DETAILER
  • 4
    LET’S MAKE IT HAPPEN!

NÄCHST TERMIN

Deadline fir Projeten ofzeginn

  • 29. AUGUST 2024
  • 14. NOVEMBER 2024

Datum vum Partnerschaftsrot

  • 19. SEPTEMBER 2024
  • 5. DEZEMBER 2024

Eng Fro?
KONTAKTÉIERT EIS EQUIPE

Kontaktéiert eis