Ech sinn … eng sektoriell Initiativ oder eng ëffentlech Institutioun Ech wëll … en Dokument produzéieren
Let’s make it together
Als sektoriell Initiativ oder ëffentlecht Etablissement spillt Dir eng wesentlech Roll bei der Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage. Eis grafesch Charta gëtt Iech d’Méiglechkeet, Dokumenter op Basis vun de grafeschen Elementer vun der Signatur vu LuXembourg no festgeluechte Reegelen ze produzéieren.
Äre Projet schéngt d’Konditiounen net ze erfëllen
LET’S MAKE IT HAPPEN!
Wat wëllt Dir elo maachen?
#ech kucken a lueden erof
déi erlaabt grafesch Elementer
Wéi eng grafesch Elementer kënnt Dir benotzen?
Fir weider Informatiounen, klickt op déi jeeweileg Linken hei ënnen.
D’SIGNATUR VU LËTZEBUERG
Aus engem wichtege partizipative Prozess gebuer, stellt d’Signatur vu Lëtzebuerg d’Wäerter vun Offenheet, Dynamik an Zouverlässegkeet vun eisem Land duer.
Si besteet aus dem Logotyp LuXembourg an dem Wuert Lëtzebuerg mam Symbol X – an der Invitatioun Let’s make it happen. An e puer spezifesche Fäll kann d’Signatur benotzt ginn ouni d’Invitatioun Let’s make it happen.
D’SYMBOL X
D’Symbol ass dat wichtegst Element vun der Signatur vu Lëtzebuerg.
Et ënnersträicht d’Lëtzebuerger Wäerter a Prioritéiten: d’Feiler representéieren d’Dynamik, mat där Lëtzebuerg Projeten ugeet, d’Kreativitéit vun de Secteuren beschleunegt an d’Innovatioun fërdert andeems se sech stänneg erneiert. D’Orientéierung vun de Feiler no baussen an no banne stellt d’Oppenheet duer, mat där se d’Leit aus alle Beräicher vum Liewen verbënnt a federéiert, d’Diversitéit fërdert a sech fir en humanistescht Europa asetzt. Schlussendlech kreéieren den Equiliber an d’Form eng Positioun, déi Stabilitéit garantéiert an d’Zouverlässegkeet vun de resultéierende Bezéiungen an Allianzen duerstellt, d’Nohaltegkeet vun hiren Handlungen an hirer Visioun fir eng besser Welt, iwwer hir national Interessen eraus.
Linken
D’MATRIX
D’Matrix gëtt geformt andeems Dir d’Symbol X duplizéiert. Dir kënnt si als begleedend grafescht Element benotzen, entweder integral oder duerch d’Ënnerdeelung no uewen.
Consultéiert d’grafesch ChartaLinken
D’TYPOGRAFIE
Déi bevorzugt Typographie ass d’Police Verlag,t well et d’Originalschrëft vun der Signatur ass (Logo an Invitatioun).
Wann Dir aus engem oder anere Grond d’Police Verlag net kritt oder benotzt, ass déi aner bevorzugt Police Calibri, déi Dir an allen Office-Programmer (Word, Excel, Power Point) oder gläichwäerteg fannt.
Linken
D’INVITATIOUN
D’Invitatioun bestet aus dem Satz Let’s make it happen. Si resuméiert selwer d’Visioun vu Lëtzebuerg: déi vun engem engagéierten Acteur op der internationaler Bün, engem staarken Alliéierten am Kader vum nohaltege Wuesstem, engem Facilitateur vun innovativen Iddien, déi zu enger besserer Welt bäidroe kënnen. Dat Wuert „it“ erënnert virun allem op alles, wat Lëtzebuerg der Welt wëll bréngen: méi Kreativitéit, méi Diversitéit a méi Nohaltegkeet.
Dir kënnt d’Invitatioun ouni d’Wuert LuXembourg benotzen, als grafescht oder illustrativt Element, an de Faarwen rout, blo, schwaarz oder wäiss (Negativ).
Linken
D’SYMBOLER
E Visuel aus Symboler X ze entwerfen oder d’Symbol X an e Visual ze integréieren erlaabt Iech, verschidden Informatiounen ze illustréieren a gläichzäiteg koherent an Ärer visueller Kommunikatioun ze bleiwen.
Consultéiert d’grafesch ChartaLinken
D’FOTOEN
Thematesch Fotoen stinn Iech zur Verfügung, déi déi verschidde Gesiichter vu Lëtzebuerg weisen, nämlech Kultur, Geschicht, Wirtschaft, Gesellschaft, Natur, Aktivitéiten asw., oder Fotoen, déi formell d’Symbol „ X “ enthalen.
Kuckt d’Toolbox heiLinken
DE FEIL
D’Feiler si Bestanddeeler vum Symbol X, déi rout a blo Pfeiler si geduecht fir Är visuell Kommunikatioun ze dynamiséieren.
Consultéiert d’grafesch ChartaLinken
D’PIKTOGRAMMER
D’Piktogrammer si figurativ Zeechnungen, déi Themen reflektéieren. Si erlaaben Iech, Message symbolesch ze vermëttelen ouni d’Sprooch ze benotzen a gläichzäiteg koherent an Ärer visueller Kommunikatioun ze bleiwen.
Consultéiert d’grafesch ChartaLinken
D’INFOGRAFIKEN
D’Infografiken erlaaben Iech, Är Informatioun op eng zougänglech a lëschteg Manéier ze illustréieren, wärend Dir konsequent an Ärer visueller Kommunikatioun bleift.
Consultéiert d’grafesch ChartaD’FAARWEN
D’Signatur ass dräifaarweg. Rout a blo am Symbol X representéieren déi national Faarwen a ginn ergänzt duerch schwaarz fir d’Textelementer.
Consultéiert d’grafesch ChartaLinken
D’EMOXIEN
Dës Emojie ginn „ EmoXie “ genannt. Et ass eng Allusioun op den „ X “ vun der Signatur vu Lëtzebuerg. Si bidden Iech d’Méiglechkeet fir Äre Messagen e „ lëtzebuergeschen “ Touch ze ginn esou déi verschidde Facette vum Land spilleresch duerzestellen.
Consultéiert d’grafesch ChartaLinken
BENOTZUNG VU MULTIMEDIA-RESSOURCEN
Dir hutt d’Méiglechkeet, fir existent Multimedia-Ressourcen ze benotzen: Fotoen, Videoen a Promotiounsbroschüren, asw.
Kuckt d’Toolbox hei
#Ech stellen
mäi Projet fir ze validéieren
-
1ECH GI MÄI PROJET OFFIR ZE VALIDÉIREN
-
2EVALUATIOUN VUM COMITÉ VUN DER MARQUE
-
3DECISIOUN AN DETAILER
-
4LET’S MAKE IT HAPPEN!