Iwwer ons
Demarche
Op der Welt bleift Lëtzebuerg nach ëmmer fir déi eng en onbekannt Land oder fir déi aner eng virgefäerdegt Iddi. Mee wann een d’Geschicht vu Lëtzebuerg kennt, säi progressiivt Engagement um europäeschen an internationale Plang, d’Verantwortung a Solidaritéit, déi d'Land a Saachen Entwécklungshëllef a Migratioun un den Dag leet, wann een déi aktuell Strategie vu senge verschiddene Secteure liest an d’Efforte gesäit, déi all Dag a punkto nohalteg Initiativen a gesellschaftlecht Engagement gemaach ginn, gëtt däitlech datt Lëtzebuerg e multikulturellt, äusserst oppent an dynamescht Land ass, dat op d’Besoine vun der Welt ageet a sech, am Respekt vun ökologesche Grenzen a sozialer Gerechtegkeet, fir eng méi nohalteg Welt asetzt.
Et gëtt gesot, datt et de “savoir-faire” gëtt. An da gëtt et de “faire savoir”.
Dëst ass d’Missioun vun der Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage, mat Iech a fir Iech.
Historique
D’Fro vun der Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland ass eng Debatt, déi op d'1990er Joren zréckgeet, wou de Besoin fir eng koordinéierte Handlung opkoum, fir esou den Image vum Land ze valoriséieren an d’Promotioun besser ze strukturéieren.
Am Hibléck op déi vill Acteuren, déi an der d’Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland aktiv sinn, geet et drëm, Kommunikatiounsoutilen z’entwéckelen, déi et erméiglechen, koherent Messagen ze vermëttelen, am Aklang mat der Positionéierung vu Lëtzebuerg op der internationaler Bün.
Creatioun vun der Promotioun vum Markenimage
Am Joer 2013 gouf d’Markepromotioun lancéiert am Aussen- an Europaministère. Ënnert der Leedung vun engem interministeriellen an interinstitutionelle Comité, soll d’Initiative Strategië virschloen an ëmsetzen fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg ze fërderen.
« Des valeurs positives véhiculées par l’image du Luxembourg seront établies et utilisées par les différents acteurs et dans les campagnes médiatiques officielles pour lesquelles le gouvernement mettra à disposition les moyens nécessaires. » Extrait vun der Säit 35 vum Programme gouvernemental 2013-2018
Fir eng authentesch, glafwierdeg an iwwerzeegend Kommunikatioun ze erreechen, muss eng kloer Definitioun vu deem, wat d’Lëtzebuerger „Perséinlechkeet“ a Stäerkten ausmécht, virausgesat ginn.
Participativ Approche
Dës Reflexioun gëtt unhand vun engem participative Prozess duerchgefouert, enger Approche, déi d’Schlësselelement vun der ganzer Demarche ass, déi 2013 vun der Regierung initiéiert gouf.
Op Basis vun Ëmfroen, individuelle Gespréicher, Diskussiounsgruppen esou wéi enger Biergerconsultatioun iwwer eng Online-Plattform, entstinn no an no d’Referenzwäerter vum Land, nämlech déi datt Lëtzebuerg en dynamescht, oppent an zouverlässegt Land ass.
Als Spigelbild vun dësen dräi Wäerter gouf den Archetyp vum Alliéierten ermëttelt, fir d’Perséinlechkeet vu Lëtzebuerg ze definéieren.
Déi selwecht participativ Approche gouf fir d’Entwécklung vun der neier visueller Identitéit vu Lëtzebuerg applizéiert, déi 2016 entwéckelt an dem Public presentéiert gouf.
Ëmsetzung vu Wäerter an Signatur
Am Laf vun den éischte Joren hunn d’Orientatioune vum Comité fir d’Promotioun vum Markenimage d’Zil, dës éischt Acquis’en duerch Messagen, Aktiounen a Koordinatiounsaarbechten um nationalen Territoire, ëmzesetzen, fir den Identifikatiounsprozess vun Lëtzebuerger Awunner ze stäerken an d’Acteuren an der Promotioun vun Lëtzebuerg ze federéieren.
« Les efforts de promotion de l’image de marque du Luxembourg à travers la stratégie « Nation Branding » seront poursuivis. » Extrait vun der Säit 222 vum Programme gouvernemental 2013-2018.
Éischte Bilan
Vun 2019 un ginn Consultatiounen an deem participative Sënn duerchgefouert, deen d’Initiativ zënter hirer Grënnung am Joer 2013 charakteriséiert huet. Mam Zil, d’Perceptioun vun der Initiativ bei de Bedeelegten z’evaluéieren an den Impakt vun der Initiativ op den Image am Ausland ze moossen, droen d’Consultatiounen zur Definitioun vun enger neier Strategie bäi.
Strategie
Déi nei Strategie fir d’Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage, déi aus de Kontributioune vun de verschiddenen Acteure vun der Promotioun vu Lëtzebuerg ervirgaangen ass, gouf 2021 verëffentlecht.
D'Strategie gouf den 2. Juni 2021 vum Regierungsrot validéiert a setzt de Mënsch an de Mëttelpunkt. Hiert Zil ass et, d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg bekannt a beléift ze maachen.
D’Strategie beliicht d’Wäerter, déi Lëtzebuerg, iwwer seng eegen Interessen eraus, der Welt brénge kann, a proposéiert déi folgend Visioun:
Eis Visioun ass et, de Positionnement vu Lëtzebuerg als engagéierten Acteur op der internationaler Bün, als staarken Alliéierten am Kontext vum nohaltege Wuesstem, als Facilitateur vun innovativen Iddien, déi zu enger besserer Welt bäidroe kënnen, ze sécheren.
Änlech wéi en nohaltege systemesche Kader, definéiert d’Strategie se dräi prioritär Themen, déi en Ausgläich tëscht de verschidde wesentlech Aspekter vun der Entwécklung vum Land ustrieft.Dës prioritär Theme baséieren op den dräi bestoende Referenzwäerter vu Lëtzebuerg. Den Narrativ ass sengersäits vun dësen dräi prioritären Themen ofgeleet.
D’Strategie ëmfaasst och en Dokument mam Titel Call to action, dat d’Fundamenter leet fir den Aktiounsplang 2021-2025 vun der Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage.
Kuckt oder luet hei d'Strategie an d'Grondlage vum Aktiounsplang 2021-2025 erof.
Fortsetzung vum Aktiounsplang
No der Formatioun vun der neier Regierung am November 2023, ass et vum Wirtschaftsministère aus, datt d’Promotion de l’image de marque seng interministeriell Missioun a seng sëllegen Aktivitéiten ausüübt, fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg op der Welt z‘inspiréieren an z‘erliichteren.
« Il est essentiel de poursuivre les efforts en matière de promotion de l’image de marque du Luxembourg afin de devenir plus attractif pour les partenaires étrangers. Le pays devrait ainsi continuer à attirer les investissements, les entreprises et les touristes, et promouvoir les échanges culturels. »
Extrait (S.25) aus dem Regierungsprogramm 2023-2028 (FR).
Organisatioun
De Comité LMIH
De Comité proposéiert d'Haaptrichtlinne fir d’Fërderung vum Lëtzebuerg Markenimage a setzt se ëm. Zënter senger Grënnung am Joer 2013 verfollegt de Comité eng participativ Approche, déi all d’Acteure vun der Gesellschaft a senger Demarche abezitt.
De Comité, deen elo Comité LMIH genannt gëtt (am Bezuch op d'Ufanksbuschtawe vum Slogan Let’s make it happen), besteet aus Vertrieder vu Ministèren a Verwaltungen, sektorielle Promotiounsagencen, Beruffschamberen an aus weideren institutionelle Partner:
- Haus vum Grand-Duc
- Staatsministère, Informations- a Pressedénscht
- Staatsministère, Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda
- Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel
- Wirtschaftsministère
- Wirtschaftsministère, DG – Tourismus
- Luxinnovation
- Handelskammer
- Luxembourg for Tourism
- Luxembourg Convention Bureau
- Ministère fir Fuerschung an Héichschoul
- Research Luxembourg
- Finanzministère
- Luxembourg for Finance
- Kulturministère
- Kultur | lx – Arts Council Luxembourg
- Film Fund Luxembourg
- Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit
- Ministère fir Digitaliséierung
- Digital Luxembourg
- Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
- Sportministère
- Stad Lëtzebuerg
- Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
D'Consultativ Memberen
Am Kader vun eisen Aarbechtsgruppe schaffe mir zesumme mat enger grousser Unzuel un Acteuren aus dem ëffentlechen a privat Secteur an der Zivilgesellschaft.
An dëser Dynamik vu Berodung an Austausch ënnerscheede mir tëscht zwou Zorte vun Acteuren: déi, déi aktiv an der Promotioun vu Lëtzebuerg implizéiert sinn an déi, deenen hir Missioun e grousst Argument am Kader vun der Promotioun vu Lëtzebuerg ass, zum Beispill de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten aus der Perspektive vum Gratistransport.
All Acteuren ze nennen, déi zënter dem Ufank zu der Entwécklung vun der Initiativ bäigedroen hunn, wier onméiglech. Fir d’Ausschaffe vun der neier Strategie an der Basis vum Aktiounsplang, déi den 2. Juni 2021 vum Regierungsrot validéiert goufen, kënne mir folgend Acteuren ernimmen:
- Ministère fir Ëmwelt, Klima an Biodiversitéit
- Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil
- Aarbechtsministère
- Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet
- Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
- Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung
- Inneministère
- Ministère fir d’Fonction publique
- INAP
- Luxembourg Space Agency
- SYVICOL
- SOLEP
- Fondation IDEA
- Chamber
- CSDD
- Creative Cluster / Luxinnovation
- FEDIL
- Handwierksverband
- UEL
- Handwierkskammer
- LUGA
- Lëtzebuerger Kommissioun fir Zesummenaarbecht mat der UNESCO
- Creative Hub 1535° DéifferdengIMS
D'Ekipp LMIH
Déi operationell Ekipp vu LuXembourg – Let's make it happen besteet am Ament aus aacht Leit a befaasst sech am Wirtschaftsministère mam Markenimage vum Land. D’Aufgab vum LMIH-Team ass et, „d‘Akteuren ze inspiréieren an ze koordinéieren an de Markenimage vu Lëtzebuerg am Ausland ze fërderen.“
Als Vermëttler koordinéiert dës Eenheet de Comité fir d’Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage, begleet grouss international Promotiounsaktiounen an entwéckelt eng ganz Rei vu Synergië mat den Akteuren, déi de Markenimage fir Lëtzebuerg virubréngen.
Den LMIH-Team beréit déi interesséiert Akteuren a vernetzt se mateneen, soudatt si zesumme kohärent an authentesch Konzepter fir d’Promotioun vum Lëtzebuerger Markenimage kënnen entwéckelen. Op der Grondlag vun dëse Konzepter gi Promotiounsinstrumenter entwéckelt, déi allen Akteuren zur Verfügung gestallt ginn, déi si da fir hir jeeweileg Promotiounsaktivitéite kënnen asetzen oder upassen.
Coordination des réseaux & Monitoring
Création de contenu & Communication externe
Création de contenu & Communication externe
(Mi-temps Moies)
Partenariats & Produits évènementiels
Partenariats & Produits évènementiels