Der Lehrpfad auf der Aarnescht

Den ofwiesslungsräiche Circuit vu 5,5 km fänkt um Ueweraanwener Gemengenhaus un. No ale Bongerten an duerch en Déiflandbësch féiert en an d’Häerz vum Naturschutzgebitt Aarnescht.

16 Informatiounsplacke laanscht d’Streck an am Emfankspavillon bréngen Iech d’Landschaft a seng Besonneschheeten méi no.

De Wee ass mat der neier ANF-Beschëlderung markéiert.