Unique Knowledge pioneers at the heart of Europe

Am Index vun der Times Higher Education „150 Under 50 Rankings 2016“, deen déi bescht jonk Universitéite vun der Welt opzielt, steet d’Uni Lëtzebuerg op der 14. Plaz. Seng international Orientéierung huet hir souguer déi 1. Plaz an dësem Ranking verdéngt.

Dës Broschür gëtt Iech en Iwwerbléck iwwer d’Uni an hëlt Iech op en Tour duerch all d’Fakultéiten déi se beräicheren. Trefft Studenten a Fuerscher a loosst Iech vum Geescht vun der Oppenheet iwwerzeegen, deen si op Lëtzebuerg bruecht huet.