Partnerschaften

Bei der LuXembourg Collection matmaachen

Am Kader vun eiser Missioun fir de Lëtzebuerger Markenimage am Ausland ze promovéieren, huet eis Ekipp eng Kollektioun vu Produkter erstallt, déi LuXembourg Collection genannt gëtt. Duerch e Choix u suergfälteg ausgewielten Artikele wëlle mir de Know-how, d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt maachen.

D’Kollektioun besteet haaptsächlech aus Saachen, déi „ e Stéck Lëtzebuerg “ duerstellen. Momentan gi mir iwwer op nohalteg, lokal produzéiert, inklusiv a kontextualiséiert Kollektioun iwwer, d. h. mir hiewen d’Gesiichter an d’Wäerter hannert all Produkt ervir.

Fir d’LuXembourg Collection ze entwéckelen an ze vermaarten, schaffe mir an enker Zesummenaarbecht mat lokale Produzenten an Acteure vum Lëtzebuerger Maart.

PRODUZENT
Dir hutt 2 Optiounen

PRODUZENT – LUXEMBOURG COLLECTION

Fir d’LuXembourg Collection auszeschaffen, si mir reegelméisseg op der Sich no lokale Produzenten, Handwierker a Kënschtler, déi gewëllt sinn, en interessant Produkt fir d’Kollektioun ze entwéckelen a bereet, si bäizedroen fir de Know-how, d’Wäerter an d’Prioritéiten (Kreativitéit, Diversitéit, Nohaltegkeet) vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt ze maachen.

D’LuXembourg Collection besteet haaptsächlech aus Artikele fir ze verschenken, déi „ e Stéck Lëtzebuerg“ representéieren. Esou kréie Vertrieder vu Ministèren, Ambassaden an LTIOen (Lëtzebuerger Handels- an Investitiounsbüroen) eis Saachen als Kaddoe bei hiren offiziellen Auslandsvisitten. D’Kollektioun ass och geduecht fir Visiteure vu Lëtzebuerg, déi no engem Souvenir sichen. Donieft sinn och d’Awunner vu Lëtzebuerg, déi e representative Kaddo vun hirem Land wëlle maachen, och Deel vun de Cliente vun der LuXembourg Collection. Schlussendlech kann d’Kollektioun och Institutiounen, Firmen oder Associatiounen dengen, déi Lëtzebuerg op internationalen Evenementer promovéiere wëllen.

#ech inspiréieren mech Beispiller vu Realisatiounen

LuXembourg-Sammlung

Symbol X an 3D

#ech inspiréieren mech Beispiller vu Realisatiounen

Wat sinn
déi nächst
Schrëtt?

Wann Dir als Produzent oder Händler un der LuXembourg Collection deelhuele wëllt, gitt eis Är Demande iwwert de Formulaire hei drënner eran. Mir freeën eis op all nei Zesummenaarbecht, déi dozou bäidréit, d’LuXembourg Collection ze entwéckelen an ze kommerzialiséieren, an esou d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt ze maachen.
  1. 1
    Ech gi mäi Projet of
    fir ze validéieren
  2. 2
    Ecaluatioun vum Comité vun er Sammlung
  3. 3
    Rendez-vous, Dcisioun an Detailer
  4. 4
    Let’s make it happen

PRODUZENT – OFGELEET PRODUKTER

Nieft der LuXembourg Collection besteet d’Méiglechkeet, ofgeleet Produkter ze entwéckelen. De Begrëff „ofgeleet“ bezitt sech hei op all kommerziell a Promotiounsprodukt op deem en EmoXie steet. Fir d’Lëscht vun den Emoxies ze consultéieren, klickt hei.

Wéi all aner Artikel an der LuXembourg Collection, muss och all ofgeleet Produkt Deel vun enger lokaler, nohalteger, inklusiver a kontextualiséierter Approche sinn a muss virdru vun eise Servicer validéiert ginn.

#ech inspiréieren mech Beispiller vu Realisatiounen

LuXembourg-Sammlung

Desinfektiounsmëttel Stay Safe

#ech inspiréieren mech Beispiller vu Realisatiounen

Wat sinn
déi nächst
Schrëtt?

Wann Dir als Produzent oder Händler un der LuXembourg Collection deelhuele wëllt, gitt eis Är Demande iwwert de Formulaire hei drënner eran. Mir freeën eis op all nei Zesummenaarbecht, déi dozou bäidréit, d’LuXembourg Collection ze entwéckelen an ze kommerzialiséieren, an esou d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt ze maachen.
  1. 1
    Ech gi mäi Projet of
    fir ze validéieren
  2. 2
    Ecaluatioun vum Comité vun er Sammlung
  3. 3
    Rendez-vous, Dcisioun an Detailer
  4. 4
    Let’s make it happen

VERKEEFER – LUXEMBOURG COLLECTION

D’LUXEMBOURG COLLECTION KANN NËMME VUN OFFIZIELLE PARTNER DISTRIBUÉIERT GINN

Wat sinn
déi nächst
Schrëtt?

Nodeem mir de Formulaire erhalen hunn, gëtt Är Demande vun eisem Partnerschaftsrot analyséiert an diskutéiert.
Mir komme mat enger Entscheedung op Iech zeréck a maachen, falls néideg, e Rendez-vous mat Iech aus, fir Äre Projet méi genau ze beschwätzen.
  1. 1
    ECH GI MÄI PROJET OF
    FIR ZE VALIDÉIREN
  2. 2
    EVALUATIOUN VUM CONSEIL FIR PARTNERSCHAFTEN
  3. 3
    RENDEZ-VOUS, DECISIOUN AN DETAILER
  4. 4
    LET’S MAKE IT HAPPEN!

NÄCHST TERMIN

Deadline fir Projeten ofzeginn

  • 13. JANUAR 2025
  • 3. ABRËLL 2025
  • 12. JUNI 2025

Datum vum Conseil fir Partnerschaften

  • 13. FEBRUAR 2025
  • 24. ABRËLL 2025
  • 3. JULI 2025