Collection

Am Kader vun eiser Missioun fir de Lëtzebuerger Markenimage am Ausland ze fërderen, huet eis Ekipp eng Kollektioun vu Produkter erstallt, déi LuXembourg Collection genannt gëtt. Duerch e Choix u suergfälteg ausgewielten Artikele wëlle mir de Know-how, d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg an der Welt bekannt maachen.

D’LuXembourg Collection besteet haaptsächlech aus vun Artikelen déi „e Stéck Lëtzebuerg“ representéieren. Momentan gi mir iwwer eng nohalteg, lokal produzéiert, inklusiv a kontextualiséiert Kollektioun d. h. d’Gesiichter an d’Wäerter hannert all Produkt ervirhiewen.

Fir méi iwwer d’Verdeelungsplaze vun der LuXembourg Collection gewuer ze ginn, klickt op d’Këschten hei ënnen.

LUXEMBOURG HOUSE
PRIVATPERSOUNEN
B2C

LUXEMBOURG collection
Institutiounen
B2B

LUXEMBOURG HOUSE

Et ass am LuXembourg House, engem Buttek am Stadzentrum vu Lëtzebuerg, wou d’Allgemengheet d’LuXembourg Collection wéi och vill aner lokal Produkter entdecke kann.

An den nächste Joren soll d’Verdeelungsnetz vun der Kollektioun ausgebaut ginn fir e méi breeden internationale Publikum z’erreechen. Wann Dir e professionelle oder institutionelle Partner sidd, ass de Site LuXembourg Collection dat Richtegt fir Iech.

Gitt op de Site

LUXEMBOURG COLLECTION

Als professionelle Client an institutionelle Partner kënnt Dir d’LuXembourg Collection an eisem Online-B2B-Buttek entdecken.

Dëse Site ass fir all Entitéit geduecht – Ambassaden, Ministèren, Verwaltungen, Promotiounsagencen, Firmen, Federatiounen, Associatiounen, asw. –, déi d’Wäerter an d’Gesiichter vu Lëtzebuerg an d’Mark LuXembourg – Let’s make it happen an der Welt bekannt wëll maachen.

Dir fannt do eng Rei vun Artikele vun der Mark LuXembourg, déi Iech erlaben, Äre Visiteuren oder Gäscht e klengt Stéck Lëtzebuerg bei offizielle Visitten an aner internationalen Evenementer ze schenken.

Gitt op de Site