3. Nationale Plang fir nohalteg Entwécklung

Lëtzebuerg huet zesumme mat der internationaler Gemeinschaft déi 17 Nohalteg Entwécklungsziler vun der UNO hirem Agenda 2030 ugeholl.

Dës 17 ambitiéis Ziler si strategesch Meilesteng am Kampf géint extrem Aarmut an d’Reduktioun vun Ongläichheeten, wärend de Planéit am Gesiicht vum Klimawandel an dem Verloscht vun der Biodiversitéit erhale bleift.

Dës Ziler gëlle fir all Länner vun der Welt, also och fir Lëtzebuerg. Déi 10 Prioritéite vum Nationale Plang fir nohalteg Entwécklung – déi Dir am 3. Deel vun dësem Dokument fannt – sinn also de Faarplan, deen d’Regierung sech ginn huet fir ze handelen a konkret zur Erreeche vun den Ziler vum Agenda 2030 bäizedroen an eng nohalteg Entwécklung zu a vu Lëtzebuerg ze suergen.