INNOVATIOUN AN NEI TECHNOLOGIEN
INNOVATIOUN AN NEI TECHNOLOGIEN

Sabino Parente
- Laut dem Global Innovation Index ass Lëtzebuerg op der 20. Plaz vun 133 vun de innovatiivsten Ekonomien an op der 5. Plaz a Saache vun der Unzuel vun de GII Innovatiounsindikatoren
- Den EU Innovation Scorecard setzt d’Land op déi 11. Plaz (2024) vun de performantste Länner a Saachen Innovatioun
- Laut dem Digital Economy & Social Index (DESI), ass Lëtzebuerg op der 5. Plaz vun de 27 EU Memberstaaten a Saache VHCN Ofdeckung, mat 93,3% vun den Haushalter, déi mat Héchstgeschwindeg-Internet ofgedeckt sinn. Lëtzebuerg ass och un der Spëtzt vu verschiddenen aneren Indicateure vun dëser Etude: 4. a Saachen Internetnotzung, 2. a Saachen digital Kompetenzen / IT Spezialisten, 2. a Saachen digital Servicer fir Bierger a 5. a Saachen digital Servicer fir Entreprisen
- Laut dem eGovernment Benchmark vun der Europäescher Kommissioun, deen den Digitaliséierungsgrad vun ëffentleche Servicer moosst, ass Lëtzebuerg op der 3. Plaz an Europa
- Laut dem Cisco Digital Readiness Index, deen d’Dispositioun an d’Virbereedung op d’Digitaliséierung, souwéi den digitale Fortschrëtt vun de Länner evaluéiert, ass Lëtzebuerg op der 2. Plaz vun 146
- Laut Europe’s Leading Start-up Hubs vum Financial Times, Statista an Sifted, ass d’House of Startups op der 26. Plaz vun 150 Start-up Inkubatoren an Europa klasséiert